Doud vum 9 Joer ale Valeriia a SachsenE 36 Joer ale Mann gouf zu Prag verhaft

RTL Lëtzebuerg
D'Meedche war eng leschte Kéier lieweg gesi ginn, wéi et sech den 3. Juni moies fréi op de Wee an d'Schoul gemaach huet.

D’Schoul hat verpasst der Mamm Bescheed ze soen, dass d’Kand moies an der Schoul gefeelt huet. Deemno gouf eréischt am Nomëtteg festgestallt, dass et verschwonnen ass. Owes huet d’Mamm d’Kand dunn offiziell als vermësst erkläert.

D’Läich vum Valeriia gouf den 11. Juni an engem Bësch zu Döbeln fonnt, ronn 4 Kilometer ewech vun do wou et gewunnt huet.

E Freideg huet de Parquet vu Chemnitz matgedeelt, dass e 36 Joer ale Mann zu Prag an engem Restaurant verhaft gouf, deen am dréngende Verdacht steet, d’Meedchen ëmbruecht ze hunn. E soll déi moldauesch Nationalitéit hunn. Hie gëtt aktuell vun den tschecheschen Autoritéite festgehalen, bis en un Däitschland kann ausgeliwwert ginn.

D’Police hat sech bei der Sich nom Täter op d’Ëmfeld vum Affer konzentréiert an hat e Sexualdelikt ausgeschloss.

Back to Top
CIM LOGO