
Chrëschtdag am Schnéi. Wat sech vill Lëtzebuerger wënschen, ass fir d’Kanadier normal. Wéi gesäit ee kanadesche Chrëschtdag aus? A wat ass dëst Joer anescht wéinst dem Coronavirus? D’Nadine Kremer ass dëse Froen a senger Korrespondenz aus Québec City nogaangen.
Zu Lëtzebuerg stelle vill Leit ee Beemchen an eng Krëppche fir Chrëschtdag op. Mee wat si spezifesch kanadesch Chrëschtdagstraditiounen?
D’Janie Duclos erkläert: “On se rencontre en famille, on peut jouer de la musique, on peut tout simplement passer la soirée à manger, entre autres de la tourtière. La tourtière étant un genre de pâté à la viande avec des patates à l’intérieur. Ca c’est très très typique ici. S’il neige on passe une bonne partie de la soirée dehors. Les enfants vont à l’extérieur et font des batailles de neige. Puis on rentre en soirée et se fait un chocolat chaud.”
Zanter Oktober dierfen am Québec nëmme Persounen, déi eleng wunnen, Besuch empfänken, an dat och nëmme vu maximal enger Persoun. Am November huet d’Regierung ugekënnegt eng Ausnam vu bis zu 10 Invitéë fir Chrëschtdag ze erlaben. Kuerz drop gouf dëst awer nees zeréckgezunn – d’Zuele waren erëm an d’Luucht gaangen.
Chrëschtdag ass domat fir d’Québécer an d’Waasser gefall. Déi eenzeg Ausnam gëllt fir eben dës Persounen, déi eleng wunnen, esou de François Legault, Premierminister vum Québec.
“Ce qu’on va permettre c’est pour les personnes seules d’aller dans une – mais une seule – bulle familiale pour la période du 17 décembre au 11 janvier.”
Domat wëll d’Regierung elengstoende Persounen hëllefen a virun allem Studenten erméiglechen, an der Vakanz heem bei hier Elteren ze fueren – virausgesat, et ass een Eenzelkand. Well eng Famill dierf keng zwou eenzel Persounen alueden.
Wéinst de Restriktioune sinn dës kanadesch Feierdeeg anescht, esou d’Janie Duclos.
“Il y en a beaucoup qui ont décidé de remettre les traditions à plus tard parce que tout cet élément de musique et de la nourriture va avec passer du temps en famille.”
Nieft Chrëschtdag fält och Silvester flaach, well de Premier d’Mesuren, déi zanter Oktober gëllen, bis den 11. Januar verlängert, a souguer erweidert huet. No Chrëschtdag maachen all net essentiell Geschäfter fir zwou Wochen zou.
Den Teletravail ass erëm obligatoresch. D’Kanner hunn eng Woch virun an no der Vakanz Homeschooling. Dës Mesurë si wéi eng Aart Quarantän virun an no de Feierdeeg.
Schi- a Schlittschongfueren an aner Wanteraktivitéiten dobausse sinn am Kanada erlaabt an u Schnéi feelt et bekanntlech net.
