E Réckbléck op dat lescht halleft Joer.
Zerstéierunge vu Stied, dausenden Doudesaffer an uerg ekonomesch Konsequenzen. D’Zuel vun de militäreschen Asätz an a ronderëm d’Ukrain schénge keen Enn ze huelen an domat och net d’Leed vu Millioune Mënschen. Am Géigendeel: antëscht ginn Atomkraaftwierker als militäresch Stëtzpunkte mëssbraucht. Zanter Woche gëtt dat gréisst Atomkraaftwierk vun Europa Saporischschja ugegraff.
De Chef vun der Administratioun vun de Milizen an der Ukrain, Alexander Volga: “Eng ganz Rei vun de Schëss op den Territoire vun der Atomstatioun weisen eis, datt d’Attack prezis Lager vun Atomoffall an Atomisotope viséiert huet. D’Lager si ganz no un de Reakteren. Dir musst verstoen, wann ee Reakter getraff gëtt, wäert et net eng lokal, mee eng global Katastroph sinn.”
Fir de russesche Präsident Wladimir Putin ass et kee Krich, mee en “militäresche Spezialasaz”, deen zur “Entnazifizéierung” vun der Ukrain an dem Schutz vu russeschsproochege Bierger féiere soll. Zanter 2014 besteet de Konflikt, ausgeléist duerch déi russesch Invasioun vun der Krim. Eng Reaktioun vum Putin, well d’Ukrain schonn deemools der EU bäitriede wollt. Russland fuerdert vun der NATO an den USA Sécherheetsgarantien, eng Reduktioun vun der militärescher Presenz op der ëstlecher Säit vun der NATO a virun allem e Stopp vun der NATO-Ausdeenung a Richtung Osten.
Wann d’NATO sech weiderhi géing amëschen, géif Russland sech wieren, sou de Wladimir Putin: “Wann iergendee wëlles huet, vu baussen an déi lafend Evenementer anzegräifen, a strategesch Menacë fir Russland ze schafen, déi fir eis inakzeptabel sinn, soll dee wëssen, datt mir decidéiert a séier äntwere wäerten. Mir hunn alleguer d’Mëttel dofir, Mëttel, mat deene soss kee kann uginn. Mir wäerten net just domat uginn, mir wäerte se asetzen, wann néideg. Ech wëll, datt jiddereen dat weess. Mir sinn op all Eventualitéite virbereet.”
Europa an déi ganz Welt reagéiere gréisstendeels entsat op déi militäresch Invasioun. Et gëtt Solidaritéit mat der Ukrain gewisen, et gi Waffen a wichtegt Material geliwwert a Sanktioune géint Russland decidéiert. Méi wéi zéng Millioune Mënsche sinn op der Flucht, Krichsverbriechen, Präisdeierecht a ville Beräicher an eng Energiekris, fir nëmmen e puer Konsequenzen ze nennen. Et gëtt ewell vun enger humanitärer Katastroph geschwat.
D’Orysia Lutsevych, Cheffin vun Chatham House, enger Denkfabrik zu London, iwwert d’Entwécklunge vum Krich: “Mir wäerten also eng méiglech Entspanung vum Konflikt gesinn, ech géif soe géint Enn dës Joers oder uganks d’nächst Joer. Da wäert et wuel eng nei militäresch Opdeelung ouni Unerkennung ginn – wat ganz warscheinlech ass, well d’Ukrain dës russesch Annexiounen net unerkenne wäert. Doropshi kéint et esou laang eng Paus ginn, bis déi russesch Elitt eng Revolutioun erlieft a mierkt, dass een um falsche Wee ass, Sanktioune bestoe bleiwen, Russland vun der moderner Welt, der Technologie a Finanzwelt isoléiert bleift an iergendwann d’Kontroll verléiert. Da kéint et zu enger Ouverture fir eeschthaft Verhandlunge kommen. Mee wéinst dem Putin senger politescher Denkweis ass eng Solutioun duerch Verhandlungen an nächster Zäit awer onwarscheinlech.”
D’Ukrain fäert, datt Russland e Mëttwoch um Onofhängegkeetsdag vun der Ukrain d’Attacke verstäerke wäert. Sollt dat de Fall sinn, da wëll d’Ukrain mat decisive Reaktiounen äntweren, sou den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj.