
Op Twitter erkläert den tierkesche Gesondheetsminister Koca e Freideg, datt de 14 Joer jonken Osman 260 Stonnen nom schwéiere Biewen aus sengem zerstéierten Haus zu Antakya gebuerge gouf. Eng Stonn méi spéit konnten den 33 Joer ale Mustafa an de 26 Joer ale Mehmet gerett ginn.
Den Osman huet, wéi et vum Minister heescht, no senger Rettung engem “Agrëff” an engem Spidol missen ënnerzu ginn. Wéi schwéier seng Blessure sinn, gouf allerdéngs net genannt. Ma op enger Foto wier z’erkennen, datt hie bei Bewosstsinn war.
D’Noriichtenagence DHA mellt, datt déi zwee Männer vun 33 a 26 Joer ënnert deem selwechte Gebai begruewe waren. Och si wieren direkt an d’Klinik transportéiert ginn. Op engem Video, deen de Koca op Twitter publizéiert huet, ass ze gesinn, wéi de Mustafa engem Familljemember urifft, fir ze froen, wéi et senger Mamm geet. No der Äntwert “Jidderengem geet et gutt” fänkt hien u mat laachen.
E Freideg den Owend huet den tierkesche Gesondheetsministère da matgedeelt, dass e 45 Joer ale Mann lieweg aus den Iwwerreschter vun engem Gebai an der Provënz Hatay konnt gebuerge ginn.
Antëscht sinn offiziellen Informatiounen no iwwer 41.000 Mënschen an der Tierkei an a Syrien gestuerwen. Dovunner 38.044 Mënschen an der Tierkei, 3.688 a Syrien. Domat gehéiert d’Katastroph zu den zéng déidlechsten Äerdbiewen an de leschten 100 Joer.
Eréischt en Donneschdeg goufen zwou jonk Fraen no iwwer 250 Stonne lieweg gebuergen. Sëllege Mënschen kann dogéint net méi gehollef ginn an d’Nout an der Regioun ass riseg. Dofir hunn Hëllefsorganisatiounen uechter d’Welt Spendenopriff gestart, fir de Leit Hëllef z’erméiglechen.
