Kämpferesch huet den Australier sech en Dënschdeg de Moie bei senger Arrivée beim Europarot zu Stroossbuerg gewisen. Och gutt dräi Méint no senger Fräiloossung nach sichtlech ugeschloen, huet de Wikileaks-Grënner virun der Kommissioun fir juristesch Froen a Mënscherechter temoignéiert.
“Ech wëll Kloertext schwätzen. Ech sinn net fräi, well de System funktionéiert, mee ech sinn no Jore fräikomm well ech mech schëlleg bekannt hu fir Journalismus.”
Jorelaang hat de Wikileaks-Grënner sech zu London an der Ambassade vun Ecuador verschanzt. Duerno souz hie fënnef Joer a Groussbritannien am Prisong, wou hie sech weider géint eng Ausliwwerung un d’USA gewiert huet. D’Leaks vun Dausende geheime Militärdokumenter op senger Wikileaks-Plattform hätte géint Spionagegesetz verstouss, esou ee vun den Uklopunkten. Den Julian Assange huet schwéier Fräiheetsstrofe riskéiert.
An engem Deal mat der amerikanescher Justiz hat den Assange sech am Juni schëlleg bekannt, géint Spionage Gesetz verstouss ze hunn. Hie gouf zu 5 Joer Prisong verurteelt, déi hien awer schonn a Groussbritannien an Untersuchungshaft ofgesiess hat. D‘USA hunn dofir sëllegen aner Uklopunkte fale gelooss a vu weidere juristesche Poursuitten ofgesinn.
“Ech hoffe mäin Temoignage haut hëlleft, op d‘Schwaachstellen opmierksam ze maachen an deenen ze hëllefen, déi manner Visibilitéit hunn, mee grad esou vulnerabel sinn”, esou de Wikileaks-Grënner, dee vun de Membere vun der Kommissioun vum Europarot Ovatioune krut.
Dem Rapport vum Europarot no ass den Julian Assange als politesche Gefaangenen ze consideréieren. Säi Fräiheetsentzuch wär politesch motivéiert an eng Bedroung fir d’Pressefräiheet. Rieds geet och vun transnationaler Repressioun a Verstéiss géint d’Europäesch Mënscherechtskonventioun. Dofir befaasst den Europarot sech mat der Saach.
“Et geet mol virun allem ëm de Schutz vun der fräier Meenungsfräiheet an de Schutz vun der Press. Do ass et wichteg, dass mer eis nach eng Kéier prononcéieren an datt den Europarot an d’Memberstaaten sech dozou bekennen an och dofir suergen, dass d’Pressefräiheet en héicht Gutt ass, dat mer onbedéngt musse verdeedegen”, betount den LSAP-Politiker Yves Cruchten, Member vun der zoustänneger Kommissioun , en Dënschdeg zu Stroossbuerg.
No engem Debat an eventuellen Upassunge, soll de Rapport Assange e Mëttwoch de Moien an der Vollversammlung vum Europarot ugeholl ginn.