
No méi wéi 5 Wochen huet Poopst d'Klinik elo an der Mëttesstonn verlooss. Den 88 Joer ale Pontifex huet kuerz aus enger Fënster gewonk an déi Gleeweg virun der Dier geseent. Hien och jidderengem "Merci" gesot.
De Chef vun der kathoulescher Kierch war wéinst enger béidsäiteger Longenentzündung an der Gemelli-Klinik behandelt ginn a muss sech viraussiichtlech déi nächst zwee Méint nach schounen. E gëtt och a senger Residenz weider via e Schlauch an der Nues mat Sauerstoff versuergt.