Fir d'Uerdnung rëm anzeféierenEcowas-Staate schécken "Interventiounstrupp" an den Niger

RTL Lëtzebuerg
Nieft enger diplomatescher Léisung huet d'westafrikanesch Wirtschaftscommunautéit Ecowas decidéiert, en "Interventiounstrupp" an d'Land ze schécken.
© AFP/KOLA SULAIMON

D’Ecowas huet enger séierer militärescher Interventioun am Niger zougestëmmt, sot den ivoresche President Alassane Ouattara no sengem Retour aus Nigeria en Donneschdeg.

De sougenannten “Interventiounstrupp” soll “déi verfassungsméisseg Uerdnung am Niger” erëm aféieren, sot de President vun der Ecowas-Kommissioun, den Omar Touray. Detailer, wéini den Trupp an d’Land geschéckt soll ginn, an d’Auswierkungen op den Niger goufe virop net genannt. Virun de Gespréicher hat de President vun Nigeria, de Bola Tinubu, et als immens wichteg bezeechent, “diplomatesche Verhandlungen an dem Dialog als Basis vun eisem Usaz Prioritéit anzeraumen”. Zil wier et, déi nei Regierung am Niger “dovun z’iwwerzeegen, op d’Muecht ze verzichten an de President Bazoum nees anzesetzen”.

Och nom Treffen hannert zouenen Dieren sot den Tinubu, et wier “nach net alles verluer” fir eng “friddlech Léisung als Fuerplang, fir nees Demokratie a Stabilitéit” anzeféieren. Trotzdeem wier “keng Optioun vum Dësch”, och net “d’Uwendung vu Gewalt als leschten Auswee”. “Falls mir et net maachen, wäert et keen anere fir eis maachen”, esou den nigerianesche President.

RTL-News: Ausseruerdentleche Sommet: Ecowas schwätzt sech fir eng diplomatesch Léisung am Niger aus

Back to Top
CIM LOGO