7 Staaten dierften d'US-Wale bestëmmenEe vun de wichtegste Swing States ass Pennsylvania

Petz Bartz
Pennsylvania ass traditionell demokratesch. Ma och d'Republikaner rechne sech Chancen aus.
Ee vun de wichtegste Swing States ass Pennsylvania
Pennsylvania ass traditionell demokratesch. Ma och d’Republikaner rechne sech Chancen aus.

2016 awer hat den Trump do géint d’Hillary Clinton gewonnen. Véier Joer drop goung Pennsylvania dunn un den Joe Biden. Elo setzen d’Republikaner alles drun, fir de Staat zeréckzegewannen.

Den 13. Juli dëst Joer gouf d’Stad Butler a Pennsylvania zu engem Schlësselmoment am US-Walkampf 2024. En Attentäter hat den Donald Trump do um Ouer getraff. Op eemol hat de fréiere President eng Plooschter an d’Republikaner en neie Narrativ: hire Kandidat ass en Iwwerliewenden, quasi en Operstanenen.

Gutt dräivéierel Stonn südlech vu Butler ass d’Wirtschaftsmetropol Pittsburgh. D’Stad ass déif blo, mee d’Land ronderëm wielt konsequent republikanesch. A Pennsylvania bleift et bis de Waldag extreem spannend.

Back to Top
CIM LOGO