US-Bundesstaat AlabamaEen Doudegen no Schéisserei un der Tuskegee University

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op e Sonndeg koum et bei enger Feier vun der Tuskegee University am US-Bundesstaat Alabama zu enger déidlecher Schéisserei.
© AFP-Archiv

En 18 Joer ale Mann ass dobäi ëm d’Liewe komm, iwwerdeems 16 weider Persoune blesséiert goufen. 12 dovunner hätte Schosswonnen, heescht et vun der Police. Ufanks war net kloer, wie geschoss huet a firwat. E Sonndeg den Owend dunn hunn d’Autoritéite matgedeelt, datt e 25 Joer ale Mann festgeholl ginn ass. Hie wier mat enger Waff, déi en plus am Alabama verbueden ass, gesi ginn.

Un der Tuskegee University gouf déi ganz lescht Woch d’"Homecoming Week” gefeiert. Dausende Leit waren um Campus, dee wuel esou iwwerfëllt war, datt d’Rettungsekippe Schwieregkeeten haten, duerchzekommen.

Back to Top
CIM LOGO