Weltwäit PremièreÉischt Blos-Transplantatioun fir e Patient gelongen

RTL Lëtzebuerg
An den USA gouf engem Patient eng éischte Kéier eng Blos transplantéiert. D'Doktere schwätze vun engem historesche Succès.
© Shutterstock Gerain0812

An den USA ass weltwäit fir déi éischte Kéier mat Succès eng Blos transplantéiert ginn. Dat huet d’Universitéit vu Kalifornien matgedeelt. D’Operatioun am Ronald Reagan UCLA Medical Center zu Los Angeles hätt aacht Stonne gedauert. Virun der Blos krut den 41 Joer ale Mann och eng Nier vun engem Organspender. Béid Organer goufen doropshi mat enger neier Technik matenee verbonnen.

D’Dokteren hu vun engem historesche Succès geschwat. D’Nier hätt direkt ugefaangen, vill Urin ze produzéieren an de Fonctionnement hätt sech no der Transplantatioun séier verbessert. Eng Dialys wier duerno net méi néideg gewiescht.

Back to Top
CIM LOGO