
D’Ukrain ass an Europa de gréisste Produzent u Kären, vu Weess bis Mais. Russland huet am Kader vun der militärescher Aggressioun an der Ukrain Dausenden Tonnen u Käre geklaut an illegal verkaaft. Rezent gouf et een Accord ënnert der Vermëttlung vun der UNO an der Tierkei.
Et hat ee sech schonn deels op eng weider Hongerkris, besonnesch um afrikanesche Kontinent agestallt, well Moskau den Export vun de Kären entweder blockéiert hat oder an déi eegen Täsch gestach huet, fir Alliéierter wéi Syrien domadder ze versuergen. D’Präisser sinn enorm geklommen. Vill Entwécklungslänner woussten hiren Hänn kee Rot méi, well se entweder net beliwwert goufen oder net genuch Suen haten.
E Méindeg de Moie kuerz no 8.15 Auer eiser Zäit konnt een éischt ukrainescht Cargoschëff den Hafe vun Odessa verloossen. U Bord si 26.000 Tonne Mais. Et geet an de Libanon. Arrivée ass en Dënschdeg. Aner ukrainesch Schëffer sinn amgaangen, gelueden ze ginn, fir weider Kären z’exportéieren.
Den 22. Juli war den Accord tëscht Kiew a Moskau ënnert der Vermëttlung vun de Vereenten Natiounen an der Tierkei zustane komm. Haaptelementer si sécher Korridore fir Cargoschëffer um Schwaarze Mier an de Verzicht op all militäresch Aktivitéiten, wéi zum Beispill dem Waffeschmuggel. D’Tierkei huet sech engagéiert, reegelméisseg Inspektiounen ze maachen, fir ze préiwen, ob dat och respektéiert gëtt.
D’Russe setzen de Westen da weider ënner Drock, andeems se de Gaskrunn zoudréien. Däitschland wëll nees méi Kuelekraaftwierker a Betrib huelen. Zum Beispill setzt an Niedersachsen ee Prozent op ee Kraaftwierk, dat eréischt Enn vum leschte Joer vum Netz geholl gi war.
Wat de Konflikt an der Ukrain betrëfft, bereet Moskau déi nächst Offensiv vir, nodeems déi sougenannte speziell Militäroperatioun am Oste vun der Ukrain net déi vum Putin erwaarte Friichte gedroen huet. D’Russe verstäerken elo hir Truppen am Süde vun der Ukrain, trotz logistesche Problemer.