Kamala Harris zu Pittsburgh"Eise Kampf ass net géint eppes. Eise Kampf ass fir eppes"

Petz Bartz
Bis en Méindeg den Owend spéit ass an den USA d'Walcampagne nach gelaf, ier en Dënschdeg de Moie fréi d'Walbüroen opgespaart goufen.
Kamala Harris zu Pittsburgh
D’Vizepresidentin war bis op de leschte Stëppel a Pennsylvania ënnerwee, an de Groussstied Pittsburgh a Philadelphia. Zu Pittsburgh war de Petz Bartz fir eis do

D’Vizepresidentin Kamala Harris war bis op de leschte Stëppel a Pennsylvania ënnerwee, an de Groussstied Pittsburgh a Philadelphia. Zu Pittsburgh war de Petz Bartz fir eis dobäi.

Harris, an och hire Kandidat fir d’Vizepresidentschaft Walz, stamen aus dem Mëttelstand. Et kënnt besser u bei der Aarbechterklass an den Industriebrooche vu Pittsburgh wéi en ale Millionär.

D’Kamala Harris, demokratesch Presidentschaftskandidatin:

“Et ass Zäit fir eng nei Generatioun vu Féierung un der Spëtzt an Amerika. (…) An ech si prett, déi Féierung z’iwwerhuelen als nächste President vun de Vereenegte Staate vun Amerika.(…) Mir hunn nach vill Aarbecht. D’Course ass net eriwwer a mir musse staark ofschléissen. Lauschtert! Hei geet et ëm haart Aarbecht. Haart Aarbecht ass gutt Aarbecht. Haart Aarbecht mécht Freed. An iert iech net: mir gewannen!”

D’Kamala Harris als optimistesch a progressiv Fra géint e reaktionäre Mann vun Enn 70, dat ass d’Bild, dat d’Demokrate mat hirer Spëtzekandidatin wëlle vermëttelen, fir d’Land weider ze bréngen, an der Hoffnung, dass dee Message an de Swing States och gräift. D’Positionéierung ass gewot an dofir ass et esou enk an de Sondagen.

“Eise Kampf ass net géint eppes. Eise Kampf ass fir eppes. Et ass e Kampf fir d’Zukunft a fir d’Fräiheet. Sou wéi déi fundamental Fräiheet vun enger Fra, fir Decisiounen ze huelen iwwert hiren eegene Kierper. An net eng Regierung ze hunn, déi hir seet, wat se muss maachen.”

Den Donald Trump gouf an den zéng Minutte vum Optrëtt vun der Vizepresidentin zu Pittsburgh net eng Kéier mam Numm genannt. Et gouf just dat ugedeit, firwat hie steet.

Back to Top
CIM LOGO