
Éisträich steet kuerz virum drëtten haarde Lockdown. Des Decisioun huet d’Bundesregierung lescht Woch scho geholl, nodeems d’Unzuel vun de Leit, déi bei un de Massentester Deel geholl hunn, net zefriddestellend war.
De Lockdown fänkt e Samschdeg den 26. Dezember un, zesumme mam Lëtzebuerger, ma dauert dogéint awer méi laang, bis den 17. Januar. D’Enn vum Lockdown an Éisträich ass dann och un eng Konditioun gebonnen: Et dierfe just Leit, déi den Dag selwer oder zwee Deeg virdrun en Gratis Corona-Test gemaach hunn, nees vun hirer Fräiheet profitéieren. Wien dat net mécht, muss fir eng weider Woch all sozial Kontakter evitéieren an doheem bleiwen. Exceptioune gëlle fir d’Aarbecht a fir akafen ze goen. Dat awer och just mat enger FFP2-Schutzmask.
D’Ausgangsbeschränkung gëllt vum 26. Dezember un zu all Dageszäit. Schaffen, akafen goen, anere Leit hëllefen an Beweegung an der frëscher Loft sinn awer weiderhin erlaabt.
D’Schoule bleiwen no der Chrëschtvakanz zou an fir annerhallef Woch gëtt op Homeschooling ëmgestallt. Eréischt den 18. Januar geet den Enseignement nees normal weider. D’Crèchë bleiwen awer wärend dem Lockdown fir d’Betreiung op, eng Verflichtung fir ze goen, gëtt et déi Kéier awer net.
D’Geschäfter, d’Kulturhaiser an den ganzen Horesca-Secteur ginn och vum 18. Januar nees op. Awer och dofir brauch een dann natierlech een negativen Test.
Weiderhi fir vill Diskussioun suerge jo d’Schilifter. D’Decisioun, ob an ënner wéi enge Konditiounen d’Lifter an d’Seelbunnen nees opmaachen, gëtt den Landesautoritéiten iwwerlooss. D’Regierung huet awer e puer Critèrë gesat, déi mussen erfëllt ginn. D’Viraussetzung ass zum Beispill eng FFP2-Mask an de Lifter an Seelbunnen. Am Bundesland Tirol spären d’Lifter fir d’Leit, déi do an der Géigend wunnen, iwwerdeems wéi virgesinn den 24. Dezember nees op.
Déi nächst grouss Large Scale Tester an Éisträich si fir de Januar ugekënnegt.
