
Als sougenannten “Freedom Day” ass de 5. Mäerz virgesinn. Vun deem Dag u ginn déi meescht Corona-Reegelen ausser Kraaft gesat. Just un d’Maskeflicht musse sech d’Leit weiderhin a verschiddene Beräicher halen. D’Spärstonn fält ufanks Mäerz ewech an d’Nuetsgastronomie dierf nees hir Dieren opmaachen.
Schonn e Samschdeg gouf an Éisträich d'2G-Reegel am Commerce an an de Muséeën ofgeschaaft. Den nächste Samschdeg wäert dat dann och an der Gastronomie de Fall sinn. Vum 19. Februar u wäert den 2G-Regime am Horeca, Evenementiel, an der Seelbunn a bei Sportevents duerch den 3G ersat ginn, sou d’Annonce vum Wolfgang Mückstein. Déi aktuell sanitär Lag géing et erméiglechen, e “würdiges Frühlingserwachen aus einem eingefahrenen Krisenmodus” ze maachen, sou den éisträichesche Gesondheetsminister. Ausserdeem wäert d’Arees an Éisträich duerch den 3G nees vereinfacht ginn.
D’Haaptstad Wien hält allerdéngs weider un der 2G-Reegel an de Restauranten a Caféë fest.
Och wann déi meescht Mesuren ewechfalen, muss ee weiderhin oppassen, sou den Appell vum Karl Nehammer. “Die Pandemie ist noch nicht überwunden!”, schreift de Kanzler an de sozialen Netzwierker. De Virus ass a bleift flexibel a senger Entwécklung, dofir misst een d’Coronamesuren ëmmer nees upassen.

Och d’Schwäiz huet Lockerungen annoncéiert. Anescht wéi an Éisträich oder Däitschland wäerten dës schonn en Donneschdeg kommen. Ongeimpfter dierfe vun deem Dag un nees an de Restaurant a kënnen och nees a Kulturhaiser oder an den Eenzelhandel eran. Am Private ginn d’Restriktiounen opgehuewen an d’Maskeflicht fält op der Aarbechtsplaz an a Supermarchéen ewech. Just am Bus an an der Bunn mussen d’Passagéier e Mond- an Nueseschutz unhunn. Dat selwecht gëllt fir Spideeler. An den Alters- a Fleegeheemer muss iwwerdeems just nach d’Personal e Mask undoen, net d’Pensionären.