Eng Millioun Euro pro DagElon Musk wéinst Gewënnspiller am US-Walkampf viru Geriicht

RTL Lëtzebuerg
De Procureur vu Philadelphia ass géint déi ëmstridde Walkampf-Method vum Multi-Milliardär viru Geriicht gezunn.
© AFP

An den USA ass den Elon Musk an deene leschte Wochen ëmmer méi ee wichtege Bestanddeel vun der republikanescher Walcampagne ëm de Presidentschaftskandidat Donald Trump ginn. Fir vill Opreegung huet bei engem Walkampfoptrëtt a Pennsylvania d’Annonce vun engem Gewënnspill gesuergt, bei deem all Dag een Awunner aus engem sougenannte Swing State eng Millioun Euro gewanne kéint. Fir matzemaachen, huet ee missen an sou engem Swing State als Wieler registréiert sinn an eng vum Musk gegrënnte Petitioun ënnerschriwwen hunn.

Kritiker hunn doropshin a Fro gestallt, ob sech den aktuell räichste Mënsch vun der Welt domat bannent de Grenze vun der Legalitéit beweege géif, well domat indirekt Wieler fir d’Republikaner sollte mobiliséiert ginn. Dem US-Gesetz no wier et nämlech verbueden, Stëmme fir d’US-Wal ze kafen. Well d’Präisgeld awer un d’Petitioun, an net direkt un d’Wale gebonne waren, hunn eng Rei Juriste gesot, hie géif sech an enger Gro-Zon befannen.

Elo huet de Procureur vu Philadelphia, Larry Krasner, eng Plainte beim Geriichtshaff vum Bundesstaat Pennsylvania agereecht, fir d’Gewënnspill ze ënnerbannen. A senger Funktioun wier et seng Aufgab, d’Ëffentlechkeet souwuel virun ëffentlechen Ierger an onéierlechen Handlungen, wéi och d’Integritéit vun de Walen ze schützen.

RTL-News: Elon Musk verloust all Dag eng Millioun US-Dollar u Wieler aus de Swing States

Back to Top
CIM LOGO