Läich bei Rhäin-Ufer fonntEltere vu 15 Joer alem Meedche wéinst Mord ugeklot

RTL Lëtzebuerg
Iwwer en halleft Joer, nodeems d'Läich vun engem Meedchen um Ufer vum Rhäin zu Worms an Däitschland fonnt gi war, goufen d'Eltere wéinst Mord ugeklot.
© Envato Cobaltstock

Hinne gëtt gemeinschaftleche Mord reprochéiert, wéi d’Autoritéit e Freideg matdeelt. Si sollen hir Duechter am Juni aus dem Hannerhalt ëmbruecht hunn, well si a sengem Liewenswandel eng Gefor fir d’Famill gesinn hunn.

Bewosstlos an de Rhäin geheit

Déi 34 Joer al Fra soll dem Meedchen de 15. Juni an der gemeinsamer Wunneng zu Pirmasens Medikamenter ginn hunn, an deenen Opium dra war. Schlussendlech sollen d’Elteren zesumme mat der Duechter op Worms gefuer sinn, wou si dem Meedche weider Medikamenter solle ginn hunn. Duerch d’Déidung hätt hatt sech dunn net méi wiere kënnen.

Den haut 40 Joer ale Papp soll déi Jugendlech du mat engem Schal vun der Fra gedrosselt an hatt bewosstlos an de Rhäin geheit hunn. Zu deem Zäitpunkt wier d’Mamm net méi op der Plaz gewiescht. Dat 15 Joer aalt Meedchen ass doropshin duerch Erdrénken a Relatioun mat Gewalt géint hiren Hals gestuerwen.

Papp scho virdru wéinst Gewalt opgefall

E Mord aus “niddrege Beweeggrënn” huet de Parquet ausgeschloss, well sech dëst net hätt kënne genuch beweise loossen. Och reliéis oder kulturell Grënn ware wuel kee Motiv. D’Eltere sinn aktuell an Untersuchungshaft, hinne gouf ursprénglech Doutschlag reprochéiert. Wéini hinnen de Prozess gemaach gëtt, muss d’Landgeriicht Mainz decidéieren.

Aussoe vun den Ermëttler aus dem Juni no war de Papp scho virdru wéinst e puer Gewaltdoten opgefall. Och d’Mamm vum Meedchen hat scho Plainte géint hie gemaach. Am Kontext vun der aktueller Dot hat d’Mamm de Police hire Verdacht matgedeelt, datt hir Duechter ëmbruecht gi wier. Bei der Sich sinn d’Ermëttler dunn op d’Läich gestouss.

Back to Top
CIM LOGO