Temporär d'Suergerecht entzunnElteren an Italien refuséiere geimpftent Blutt fir hiren 2 Joer ale Jong

RTL Lëtzebuerg
Am Sträit ëm eng Blutttransfusioun wärend enger noutwenneger Häerz-OP fir hiert Kand huet an Italien missen d'Jugendgeriicht agräifen.

Do virdru wollten d’Elteren dem Agrëff just zoustëmmen, wann d’Klinik zu Bologna garantéiert, dass hiren 2 Joer ale Bouf, am Fall vun enger Transfusioun, d’Blutt vun engem Corona-Ongeimpfte kritt. Wéi gesot krute si duerch d’Geriicht temporär d’Suergerecht entzunn. Als Tuteur gouf den zoustännege Sozialservice agesat. Deemno kann den Agrëff och elo an den nächsten Deeg an d’Weeër geleet ginn.

D’Elteren hunn iwwert hiren Affekot matgedeelt, dass hir Decisioun reliéis Motiver hätt. D’Decisioun vum Geriicht war schonn en Dënschdeg gefall an domat d’Noutwennegkeet vun der Operatioun fir d’Kand confirméiert, wéi och d’Sécherheet vum Blutt an der Klinik.

De Fall hat landeswäit fir Reaktioune gesuergt. De Sträit leeft zanter Ufank Februar. D’Elteren haten dem Spidol eng Lëscht mat 40 fräiwëllege Bluttspender virgeluecht, déi net géint Covid-19 geimpft sinn.

Back to Top
CIM LOGO