
Nach ëmmer stinn Dierfer bis zu 6 Meter déif ënner Waasser an d’Rettungsekippen erreechen d’Affer nëmme schwéier. D’Vereenten Natioune schwätze vun enger massiver Katastrophe.
D’Regierung huet dann och elo den Noutstand ausgeruff. Am meeschte betraff ass d’ Géigend ronderëm d'500.000-Awunner-Stad Beira, wou den Ament och 2 Lëtzebuerger Experte vun emergency.lu am Asaz sinn an hëllefen, d’Kommunikatioun ewéi Internet an de Funkreseau nees ze retabléieren.
Emergency.lu ass eng mobil Telekommunikatiounsplattform iwwer Satellit an ass e Partenariat tëscht dem Staat an 3 Lëtzebuerger Entreprisen.
Fir déi logistesch Koordinatioun op der Plaz ze verbesseren, bitt Emergency.lu Internet fir Hëllefsorganisatiounen un. De Bram Krieps vun der mobiller Telekommunikatiounsplattform, deen den Ament am Mosambik ass, erkläert:
„Mir hunn ëmmer méi Useren op eisem emergency.lu-System. Gëschter hate mer eng 89 verschidden Usere vun humanitären Organisatiounen. Haut hate mer der 150. Mir hunn an den leschte 36 Stonne bal 20 Gigabyte Daten erop- an erofgelueden. Ouni den Utile hei, wier Koordinatioun quasi onméiglech.“
Trotz den Iwwerschwemmunge wier awer elo déi gréissten Erausfuerderung, d’Affer z’erreechen, betounen Hëllefsorganisatioun. Meteorologe warnen allerdéngs, datt et an der Regioun nach an den nächsten Deeg staark reene soll. Zwee grouss Flëss hätten ewell kilometerlaang Bannemierer forméiert.
Besonnesch kritesch ass d’Situatioun an der Hafestad Beira, grad ewéi an der Ëmgéigend, wou eng 100.000 Leit kee Stroum méi hunn.
Nach 2 bis 3 Woche sollen déi zwee Experte vun emergency.lu am Mosambik am Asaz sinn, ier eng aner Ekipp iwwerhëlt. Déi massiv Katastrophe concernéiert méiglecherweis Millioune Mënschen am Land, grad ewéi an den Nopeschlänner Simbabwe a Malawi. Dem Roude Kräiz no géifen Dierfer bis zu 6 Meter ënner Waasser stoen. Ronn 400.000 Leit solle keen Dag méi iwwert dem Kapp hunn.
Den Zyklon Idai war mat der Stäerkt 4 vu 5 an der Nuecht op e Freideg mat Wandstéiss vu bis zu 160 Kilometer an der Stonn vum Indeschen Ozean ewech an der Géigend vun der Groussstad Beira u Land getraff. Doropshi koum et zu héije Wellen a massiven Iwwerschwemmungen. De President vum Mosambik Filipe Nyusi hat annoncéiert, et kéinten iwwer 1.000 Doudesaffer ginn. Confirméiert goufe bis ewell méi ewéi 200 Doudeger.