
An der Géigend vun der Stad Isjum am Oste vum Land, déi viru kuerzem vun den ukraineschen Truppen zeréckeruewert gouf, sinn den ukraineschen Autoritéiten no eng 450 Griewer fonnt ginn, an deenen awer och jeeweils e puer Mënsche begruewe leie kéinten. Och Journaliste vun der Noriichtenagence AFP hunn e Freideg vun Honnerte Griewer an engem Bësch an der Géigend vun der Stad bericht. “Dëst ass just eent vun de Massegriewer, déi an der Géigend vun Isjum fonnt gi sinn”, esou den ukrainesche Presidenteberoder Mychailo Podoljak e Freideg. Wärend der russescher Occupatioun hätt et an de betraffene Gebidder “Terror, Gewalt, Folter a Massemord” ginn. Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj hat en Donneschdeg fir d’éischte Kéier vun de Griewer geschwat, ouni Detailer ze nennen.
De regionale Policechef sot Sky News géigeniwwer, eng Rei vun den Doudeger wieren duerch Schëss gestuerwen. De Chef vum ukrainesche Presidialamt huet e Freideg annoncéiert, all d’Läiche géifen exhuméiert an an der Geriichtsmedizinn ënnersicht ginn. Hien huet de russeschen Truppe Mord virgeheit.
De Beoptraagte vun der Vermësstesich an der Ukrain huet erkläert, déi anonym Griewer wiere vu Leit, déi op der Strooss fonnt gi wieren. Well d’Stad Isjum esou laang vun der Aussewelt ofgeschnidde war, kéinte vill Leit un Honger gestuerwe sinn.
D’UNO wëll elo een Team op Isjum schécken, fir d’Faiten opzeklären. Esou soll och erausfonnt ginn, ob et sech bei den Doudegen ëm Zivilisten oder Zaldoten handelt.
D’Nouvelle erënnert un d’Massaker vu Butscha bei Kiew, wou am Fréijoer d’Läiche vun enge 450 Mënsche fonnt goufen. Bal 420 vun hinnen hunn Zeeche vu Folter a Gewalt gewisen. Bal all d’Affer waren Zivilisten.