D’Waasserreserve gi knapp, sou dass d’Leit Waasser vu geschmoltem Schnéi huelen a mat deem wéinegen Holz, wat se rafe ginn, eppes kachen. Ma et ass schwéier, fir iwwerhaapt nach eppes z’iessen ze fannen, besonnesch fir eeler Mënschen, déi net mobil sinn a sech alt sou gutt wéi et geet géint d’Keelt schützen. Ëmmer an der Angscht, vu Bomme getraff ze ginn.
Och fir d’Hëllefsorganisatioune selwer ass den Asaz geféierlech, seet d’Generaldirectrice vu Médecins sans Frontières, d’Meinie Nicolai.
“D’Brutalitéit, d’Intensitéit an d’Rapiditéit vun dësem Krich ass mat näischt ze vergläichen, wat mer zanter laangem gesinn hunn. Et ass ee schwieregen Asaz mat Risiko, mee mir wäerte weider determinéiert virgoen.”
D’Haaptmissioun vu MSF ass, ze probéiere mobil Klinicken dohin ze kréien, wou se am meeschte gebraucht ginn.
D’Christina Psarra, Coordinatrice MSF a Polen:
“Mir probéiere Material iwwert d’polnesch Grenz an d’Ukrain ze kréien, mir si mat eise Leit a Kontakt, déi 24 Stonnen op 24 schaffen. D’Situatioun an de Spideeler ass ganz kritesch.”
An et gëtt ëmmer méi schwéier fir MSF, d’Hëllefsmaterial an agekesselt Stied wéi Mariupol oder och Kiew ze kréien. Gebraucht gëtt virun allem medezinescht Equipement, sou d’Christina Psarra.
“Mir si mat Spideeler am ganze Land a Kontakt, si brauchen Equipement, fir d’Urgencen awer och Medikamenter fir Leit mat chronesche Krankheeten.”
D’Spideeler sinn iwwerlaascht mat Patiente mat Krichsverletzungen. MSF probéiert de Moment virun allem Equipement fir d’Urgencen ze liwweren, mee och d’Medikamenter fir Leit, déi chronesch Krankheeten hu wéi Zocker oder Asthma, gi rare. Awer och op de Grenze mussen dausende vu Leit versuergt ginn.
“Mir gesinn all Dag Leit, déi iwwert d’Grenz ginn, Frae mat Kanner, eeler Mënschen, ëmmer méi vulnerabel Leit, dat bei äisegen Temperaturen. Mir maachen eis vill Suergen ëm si. Schlofsäck, thermesch Decken a Kleeder, Zelter an Hygiènesartikele ginn och vun der Hëllefsorganisatioun geliwwert. D’Leit, déi versuergt musse ginn, sinn traumatiséiert”, sou beschreift e jonke Mann d’Situatioun géintiwwer MSF.
3,5 Millioune Mënsche sinn der UNO no bis ewell aus der Ukrain fortgelaf.