Coronavirus an DäitschlandEng éischte Kéier iwwer 1.000 Doudeger bannent just engem Dag

RTL Lëtzebuerg
D’Robert-Koch-Institut schwätzt an hirem Bulletin um Mëttwoch de Moie vun 1.129 Leit, déi "um oder mam" Virus gestuerwe sinn.

Den alen Héchststand vun 962 Doudesfäll war den 23. Dezember gemellt ginn.

Den RKI mellt dann och 22.459 Neiinfektiounen um Mëttwoch de Moien. Eigentlech war een dovunner ausgaangen, dass d’Zuelen ëm de Joreswiessel géifen erofgoen, ewell ee mat manner Tester an och manner Meldungen aus de Gesondheetsämter gerechent huet. An awer waren d’Zuelen um Mëttwochmoien däitlech méi héich wéi virun enger Woch.

D’Siwen-Dages-Inzidenz läit an Däitschland bei 141,3 (Neiinfektioune pro 100.000 Awunner). Do louch den Héchstwäert den 22. Dezember bei 197,6. Den Ënnerscheed tëscht de Bundeslänner ass hei allerdéngs enorm. Sou louch dee Wäert zum Beispill en Dënschdeg bei a Sachsen bei 330,0, an Niedersachsen awer just bei 79,6.

Back to Top
CIM LOGO