
Gläichzäiteg ass et fir Japan awer och eng Opportunitéit, sech an der aktueller Situatioun als Mediateur tëschent Asien an dem Westen ze positionéieren. Eng Gratwanderung, well d’Land gläichzäiteg den Impakt op seng Wirtschaft iwwerschaubar hale wëll.
Nieft Taiwan, Singapur a Südkorea ass Japan mat eent vun de wéinegen asiatesche Länner, dat de Krich an der Ukrain schaarf kritiséiert an d’Sanktioune géint Russland ënnerstëtzt. Vill aner südostasiatesch Staaten hale sech bedeckt a si reluktant, fir Sanktioune géint Russland ze decidéieren. Aus deem Grond huet de japanesche Premier Fumio Kishida fir Enn dës Mounts Visitten an direkt e puer Länner an der Regioun geplangt, virop Indonesien, ma och Thailand a Vietnam. Hie wëll sech un d’Sécherheetsbedenke vun dëse Staaten adresséieren an hofft, dass ee sech méi no kënnt.
Japan huet bis ewell den Import vu knapp 40 russesche Produite verbueden, dorënner Maschinnen, Holz a Wodka. Dëst an engem Wäert vu knapp 120 Milliounen Euro. Bei de Produiten handelt et sech awer virun allem ëm Produiten, déi och duerch aner Fournisseure kënne geliwwert ginn. Esou ass den Impakt op déi japanesch Wirtschaft minimal. Och Exporter vun Technologien a Richtung Russland sinn ageschränkt.
Donieft gouf d’Verméige vun iwwert 400 russeschen Eenzelpersounen an iwwer 20 Entitéiten, dorënner grouss russesch Banken decidéiert. Japan huet Russland och aus dem internationale Bezuelsystem Swift ausgeschloss. Nei Investissementer a Russland duerch japanesch Firmen a Privatpersoune sinn ausgesat.
Weider huet Japan d’lescht Woch annoncéiert, den Import vu Kuel aus Russland auslafen ze loossen. Ma wéi Europa deet och Japan sech schwéier, vun haut op muer den Energieimport aus Russland ze miniméieren. Russland ass mat 15% den zweetgréisste Fournisseur vu Kuel fir Japan. Et muss een also nei Fournisseure fannen an et hofft een notamment op Importer aus Indonesien. Fir Japan stellt Kuel 30% vu sengem Energie-Mix duer an ass deemno eng wichteg Quell. Nieft anere Quelle wäert een och verstäerkt op erneierbar Energien an Atomkraaft setzen.
Ma och Russland reagéiert op déi japanesch Sanktiounen an huet Friddensgespréicher ronderëm 4 Pazifikinselen ausgesat. Dës goufen am 2. Weltkrich vun der deemoleger Sowjetunioun besat a gi vu Japan beusprocht. Ausserdeem verhandele Japan a Russland all Joer iwwer en kommerzielle Fëschereiquoten an hiren exklusive Wirtschaftszonen am Mier mat enger Equivalenz vun iwwer 2.000 Tonne Fësch, notamment Saumon a Mieresfrellen. D’lescht Joer koum d’Decisioun Enn Mäerz no 4 Deeg Verhandlungen, ma dëst Joer steet eng Decisioun nach aus. An ouni Decisioun kann net mat Fëschen ugefaange ginn.
Och wann den aktuellen Impakt op déi japanesch Wirtschaft minimal ass, esou mussen d’Endkonsumente sech op eng Verdeierung vu Sprit, Stroum a Liewensmëttel an den nächste Méint astellen. Dëst duerch déi verännert Offer an Demande um Weltmarché an d’Hausse vun de Käschten, fir alles ze beschafen.
