
Ënnert anerem ass den Teletravail net méi obligatoresch an d’Spärstonn gëtt opgehuewen. Donieft musse Kanner ënner 12 Joer keng Mask méi undoen an der Schoul.
Och hei an der Belsch ginn d’Hospitalisatioune wéinst dem Covid an och d’Neiinfektiounen ëmmer weider zréck. Dat erlaabt et, déi aktuell Mesurë méi labber ze maachen. Den Horeca-Secteur, Diskoen an de kulturelle Beräich wäerte sech hei am meeschten driwwer freeën. Restauranten a Bistroen hu bis ewell missen um 23 Auer zou maachen. Elo gëtt d’Spärstonn awer opgehuewen. Bei de Fräizäitaktivitéiten dierfe bis zu 200 Leit zesumme kommen a beim Sport dobaussen gëtt et keng Limitatioune méi. Dëst gëllt och fir Begriefnesser a Bestietnesser. Diskoen dierfen och nees ënner bestëmmte Bedingungen opmaachen.
Op den Unie war jo scho bekannt dat d’Coursen alleguerten zu 100% am presentiel gehale ginn. An de Grondschoule mussen d’Kanner ënner 12 Joer vun e Méindeg 8 Deeg u keng Mask méi undoen. Dëst gëllt awer och am ëffentlechen Transport an iwwerall a Banneraim, wou de Mask obligatoresch ass. Ënner anerem wäert och d’Obligatioun vum Teletravail ewech falen an e gëtt just nach recommandéiert.
Dës Oplockerunge vun den aktuelle Coronamesuren trieden e Freideg a Kraaft. De belsche Premier Minister Alexander De Croo schwätzt vun engem immense Schratt no vir, fir erëm sou normal wéi méiglech kënnen ze liewen. Hien ass op der Pressekonferenz e Freideg och drop agaangen, datt jo geplangt gëtt an den Haapteuropäesche Stied wéi Paräis a Bréissel e sougenannten „Fräiheetskonvoi“ ze organiséieren wéi et schonn a Kanada geschitt ass, wou Camione lauter Stroosse blockéiert hunn. De Premier seet jidderee soll a sengem eegene Land reklaméieren. No Ouschtere kéinten da weider Restriktiounen opgehuewe ginn.
