Gréisser Policeinterventioun am GrenzgebittEng Persoun hat sech zu Volmerange-les-Mines a Wunneng verschanzt (F)

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg ass d'Police op ee gréisseren Asaz zu Volmerange-les-Mines a Frankräich geruff ginn. Eng Persoun soll der lokaler Press no ugegraff gi sinn.
© AFP

Eng Rei Frontalieren haten duerch den Asaz en Dënschdeg am Nomëtteg hir léif Méi, duerch den Trafic ze kommen.

Dem Républicain Lorrain no hätt beim Asaz vu Police a Secouristen d’Dier zu enger Wunneng an der Avenue de la Liberté missen opgemaach ginn. D’Secouristen wieren erbäigeholl ginn, fir engem Mann ze hëllefen, dee sech a senger Wunneng verschanzt gehat soll hunn.

Entgéint verschiddene Rumeuren an de Soziale Medien hätt et sech bei der Interventioun awer net ëm eng Geiselnam gehandelt, esou de Republicain Lorrain nach.

Back to Top
CIM LOGO