Seele virdrun waren d’Fronten esou verhäert an och baussent den offizielle Rendez-vouse weist sech: den Dialog tëscht den zwou Säiten ass immens schwiereg. Mir waren zu Key West ënnerwee, enger eigentlech liberaler Insel, déi awer an de leschte Walen d’Faarf gewiesselt huet.
Key West gëllt als Insel vun der Fräiheet, gefillt all Amerikaner war schonn eemol hei. Déi u sech liberal agestallte Bone Island ganz um südlechste Wupp vu Florida versprécht fir jiddereen eng Aventure, egal ob Familljen, Pensionnairen, queer oder net. Och hei ass de Walkampf amgaangen, ma net esou visibel wei déi Jore virdrun, dekoréiert Haiser si rar.
Doru stéiert sech de Clayton Lopez. Den Demokrat war elo bal 20 Joer als Commissioner op Key West aktiv, eng Zort Bezierksbuergermeeschter. Dës Presidentiellë si fir hien déi wichtegst zanter dem Biergerkrich.
“Dat hei ass net wéi déi aner Walen. Ech wier begeeschtert, wa mir erëm op dee Punkt kommen, dass mir iwwer politesch Philosophie schwätze kéinten. Iwwert den Ënnerscheed tëscht liberal a konservativ, dat géif mir esou vill bedeiten, wa mir dohinner zeréck kéinten. Och wann ech generell net mat der konservativer Vue d’Accord sinn, ass et fir mech an der Rei, d’Debatt ze féieren. Op d’mannst kéint ee mat engem diskutéieren, deen net mat dir d’Accord ass. Mee wann e Mënsch all Rationalitéit ofblockt, dann ass et onméiglech, ze argumentéieren, ze debattéieren. Do kënnt een net duerch.”

De Walkampf leeft haaptsächlech online of. Mir schreiwen eis a fir den Trump-Email-Newsletter an do geet et haaptsächlech ëm illegal Immigratioun an Inflatioun. Dass déi Messagen hänkebleiwen, weist sech, wéi op der klenger Insel e Croisièresschëff aus Texas uleet. Ëmmer erëm erzielen d’Leit vun der fir si katastrophaler Situatioun un der Grenz an enger Flut vun illegale Migranten.
Och d’Präisdeierecht ass en Thema, wéi een Tourist erzielt: “Et geet ëm d’Wirtschaft. Du brauchs een, deen e Business féiere kann an net just eng déck Ried huet. Déi huet hien natierlech och. Wësst der, et fënnt een net alles gutt un him, mee dir wäert ni alles gutt un engem fannen. Mee dir musst dat maachen, wat fir d’Land richteg ass.”
“Hie soll eis rëm op de richtege Wee bréngen an eist Land retten.”, erkläert eng aner Touristin.
Dem Clayton Lopez maachen déi Aussoe Suergen: “Fir si bedeit, Amerika erëm grouss ze maachen, Fräiheeten ewechzehuelen, d’Walrecht ewechzehuelen. Et géif méi schwéier fir People of Color, fir Leit, déi anescht si wéi déi räich wäiss männlech Majoritéit, deen ee Prozent. Et géif méi schwéier fir jiddereen, deen net an déi Kategorie passt.”
De Clayton Lopez begräift sech als Stëmm vun der schwaarzer Communautéit, hien ass an der 4. Generatioun op Key West. A sengem Quartier wunnen haaptsächlech einfach Leit mat kubaneschen oder karibeschen Originnen. Hiren Haaptproblem sinn d’Wunnkäschten. Zu Key West géifen nämlech aktuell d’Milliardären d’Millionären opkafen, fir déi einfach Leit gëtt de Wunnraum domat onbezuelbar.
An de leschte Presidentiellë gouf hei trotz allem den Trump gewielt. Firwat kann och de Clayton Lopez net erklären.
