Wichteg Première fir SpaceXEntreprise geléngt et, Stéck vu Rakéit nees op der Äerd opzefänken

RTL Lëtzebuerg
Der Raumfaart-Entreprise Space X ass et gelongen, e Stéck vun hirer Rakéit "Starship" nees opzefänken.
© HANDOUT SPACEX / AFP

An engem Video, deen de Grënner vun der Entreprise, den Elon Musk op X gedeelt huet, ass ze gesinn, wéi en Deel vun der Rakéit, de ougenannte “Super Heavy Booster” no engem knapp néng Minutte laangen Testfluch zeréck op der Startramp zu Boca Chica an Texas lant.

Um Livestream, dee vu SpaceX diffuséiert gouf, war ze héieren, ewéi d’Mataarbechter vun der Entreprise bei der Landung gejuubelt hunn. E Spriecher huet vun engem historeschen Dag vir d’Ingenieurswëssenschafte geschwat. De Rescht vun der Rakéit ass, kuerz nodeems de Booster gelant ass, an den indeschen Ozean gefall.

Back to Top
CIM LOGO