Nodeems Helikopter an Hudson River gefall warEntreprise vu Sightseeing-Flich zu New York hält op

RTL Lëtzebuerg
D'Entreprise, déi de Sightseeing-Fluch zu New York organiséiert huet, bei deem en Donneschdeg en Helikopter mat sechs Leit u Bord erofgefall ass, hält op.
© AFP

Dat mellen US-Autoritéiten e Sonndeg.

E Manager vu Siemens war en Donneschdeg mat senger Fra a sengen dräi Kanner, grad ewéi dem Pilot ëm d’Liewe komm, wéi den Helikopter vun “New York Helicopter Tours” eng Feelfunktioun hat an an den Hudson River gefall ass. D’Famill hat den touristesche Fluch iwwer Manhatten gebucht, deen d’Organisateuren als “ultimativ Sightseeing-Tour duerch New York” bezeechent huet.

Wéi et elo vun der Federal Aviation Administration (FAA) an enger Matdeelung op X heescht, géing “New York Helicopter Tours” de Betrib “direkt stoppen”. “D’FAA wäert eng direkt Iwwerpréiwung vun der Lizenz an dem Sécherheetsbilan vum Reesorganisateur lancéieren”, esou d’Zivilloftfaartautoritéit. Den “National Transportation Safety Board” géing d’Ursaach vum Ongléck ënnersichen. Beamten aus Jersey City haten erkläert, datt zu den Aarbechtstheeorien eng Kollisioun mat enger Dron oder engem Vull, grad ewéi e mechanescht Versoe gehéieren.

Antëscht wier e Video vum Virfall opgedaucht, op deem ze gesinn ass, wéi sech de “Rumpf”, also de “Kierper”, vum Helikopter vum Rotor geléist huet. D’Ongléck wërft en neit Liicht op d’Sécherheet an der US-Loftfaart no enger Rei déidlechen Accidenter, dorënner d’Kollisioun tëscht engem Militärhelikopter an engem Passagéierfliger zu Washington am Januar, bei deem 67 Mënschen ëm d’Liewe koumen.

E Freideg war iwwerdeems e klenge Fliger nom Start um Fluchhafe Boca Raton a Florida erofgefall. Lokale Medien no sinn dräi Mënschen ëm d’Liewe komm, nodeems de Fliger e mechanesche Problem hat.

RTL-News (11.4.25): Siemens confirméiert Doud vu Manager: Famill mat dräi Kanner a Pilot stierwe bei Helikopteraccident am Hudson River

Back to Top
CIM LOGO