Den US-amerikanesche President Joe Biden huet an engem Telefonsgespréich mat sengem chineseschen Homolog China gewarnt, fir Russland mat Waffen oder militäreschem Equipement ze versuergen. Detailer vum Gespréich sinn nach net bekannt, mee China ass och dru geleeën, net an den internationale Sanktiounskrich géint Russland mat eragezunn ze ginn.
Den ultra-nationalisteschen Azov-Bataillon vun der ukrainescher Nationalgarde hätt den Theater zu Mariupol selwer bombardéiert an net russesche Militär, dat ass d’Versioun vum Kreml. Den Theater gouf allerdéngs an enger Loftattack zerstéiert an den Azov-Regiment ass eng Artillerieunitéit. Russesch Fliger waren zum Zäitpunkt vum Bombardement vum Theater déi eenzeg am Loftraum iwwer Mariupol. 130 Persoune konnte bis ewell aus de futtise Gemeier gerett ginn. Iwwer 1.300 wieren der awer nach an de Kellere vum Gebai. Lokal Autoritéite mellen, datt et keen Doudesaffer géing ginn, eng Persoun wier iwwerdeems schwéier blesséiert ginn.
Russesch Rakéitenattackenno beim Flughafe vu Lwiw, no un der Grenz zu Polen, beonrouegen d’Awunner, dass Russland säi Krich weider no Westen dreift. Bis ewell war Lwiw e séchere Punkt fir Flüchtlingen an humanitär Hëllef.
D’Stad Lwiw gouf ugegraff. De Warnsystem huet funktionéiert. Ech sinn zefridden, wéi onse Militär reagéiert huet. E puer vun de Missilen, déi aus dem Schwaarze Mier fortgeschoss goufen, konnte mer offänken an zerstéieren. Mee 4 hunn der an eng Fabrick ageschloen, wou Fligere reparéiert ginn, erkläert de Maksym Koztskyy, Gouverneur vu Lwiw.
An enger Live-Propaganda-Emissioun op der staatlecher russescher Televisioun an engem Stadion zu Moskau gouf de Vladimir Putin an der Ried ofgeschnidden an duerch patriotesch Lidder ersat. Et wier eng technesch Pann gewiescht, sou d’Explikatioun vum Spriecher vum Kreml um Enn. Iwwer technesch Panne brauche sech de Kreml-Propaganda Kanal RT a Groussbritannien elo keng Suerge méi ze maachen. Och London huet de Sender Russia Today vum Netz geholl.
D’Ukrain ass houfreg op seng daper Zaldoten, déi d’Land géint eng Iwwermuecht beandrockend verdeedegen. Mee vill Ukrainer verdanken och den net-arméierte Mataarbechter vun de Pompjeescorpsen am Land hiert Liewen.
Déi meescht Éier kënnt awer nach ëmmer dem President Selenskyj zegutts. Zu Prag an Tschechien huet en Designer elo e Kësse mat him drop erausbruecht.