
Betraff sinn e Mann aus Wuppertal vu 53 Joer, säi Bouf vun 30 an e weidere Mann vun 53 aus Wülfraht.
Béid Männer aus Wuppertal haten d’Famill erpresst a wollte 15 Milliounen Euro hunn. De Mann aus Wülfraht hätt als Sécherheetsbeamte fir d’Schumachers geschafft an hätt, nodeem hien entlooss gouf, illegal Date geklaut.
Dës Daten, gespäichert op zwou Festplacken a véier USB-Sticken, hätt de Mann dann tëscht Oktober 2022 a Mee 2024 un déi zwee Männer aus Wuppertal verkaf, dat fir e Präis am fënnefstellege Beräich. Ënner anerem waren hei Fotoe vum Michael Schumacher esouwuel viru wéi no sengem Schiaccident drop an och weider vertraulech Daten.
Den 3. Juni du soll den 53 Joer alen Ugekloten aus Wuppertal direkt e puer Mol bei engem Mataarbechter vun der Famill ugeruff hunn a 15 Milliounen Euro gefuerdert hunn, fir d’Daten net ze publizéieren. D’Mataarbechter hunn eng Preuve gefrot, wouropshin de Mann säi Bouf ageweit huet, fir eng E-Mail-Adress ze kreéieren, déi een net zeréckverfollege kann.
Der Schwäizer Police, déi d’Famill ageschalt hat, war et antëscht gelongen, d’Telefonsnummer zeréckzeverfollegen, an hat dëst un de Parquet vu Kassel weiderginn, well d’Telefonsnummer aus deem Beräich koum. Esou koum d’Justiz op déi zwou Persounen aus Wuppertal.
Dem Papp, deen aktuell an Untersuchungshaft sëtzt, gëtt Erpressung a besonnesch schwéierem Fall virgeworf. Hie kéint bis zu 15 Joer an de Prisong kommen. Well et awer just beim Versuch bliwwen ass, kéint d’Strof méi niddereg ausfalen. De Jong gëtt just Bäihëllef virgehäit, wat zu enger däitlech méi klenger Strof kéint féieren. Hien ass och nach op fräiem Fouss.
Dem drëtte Mann, deen Date geklaut hat, gëtt och Bäihëllef zu Erpressung virgehäit ma och d’Verletze vum “héchstperséinleche Liewensberäich”. Do kéint dem Parquet no eng “empfindlech” Prisongsstrof géint de Mann, deen och an Untersuchungshaft sëtzt, gesprach ginn. Elo ass et awer nach um Amtsgeriicht zu Wuppertal, fir ze decidéieren, ob d’Uklo zougelooss ka ginn.