
Déi ronn 56 Milliounen Englänner däerfen dann nëmmen nach mat engem gudde Grond aus dem Haus, ewéi schaffen, akafen oder bei de Dokter goen. Déi nei Restriktioune solle bis Mëtt Februar gëllen.
A Groussbritannien klammen d’Infektiounszuele massiv, dat wéinst enger Mutatioun vum Virus. Eleng e Méindeg goufen a Groussbritannien méi wéi 59.000 Neiinfektioune gezielt.
Kuerz virum Johnson hat schonn déi schottesch Regierungscheffin Sturgeon, en haarde Lockdown bis Enn Januar annoncéiert.