Eng Welt aus dem GläichgewiichtEt gi méi Konflikter, mä manner Diplomatie, esou d'Analys vum IRC

Jeannot Ries
Den International Rescue Committee huet 20 Länner a Regiounen analyséiert, déi den Ament besonnesch vu Kricher a Krise betraff sinn.
Et gi méi Konflikter, mä manner Diplomatie, esou Analys vum IRC
Den International Rescue Committee huet 20 Länner a Regiounen analyséiert, déi den Ament besonnesch vu Kricher a Krise betraff sinn.

En vue vun 2025 huet den “International Rescue Committee” (IRC), deen 1933 vum Nobelpräisgewënner Albert Einstein gegrënnt gouf, 20 Länner, respektiv Regioune festgehalen, an deene Kricher an Onsécherheet, d’Mënsche besonnesch a Gefor bréngen. 20 Staate mat nëmmen 11% vun der Weltbevëlkerung, an deenen awer 82% vun alle Mënsche liewen, déi op Humanitär Hëllef ugewise sinn.

13 vun den 20 Staaten, leien um afrikanesche Kontinent. Fir grouss Schlagzeile suerge se kaum. D’Kricher an der Ukrain an am Noen Osten hunn d’lescht Joer polariséiert.
Nieft dem Sudan, dem Südsudan a Somalia hunn och zwee Staaten, déi bis viru kuerzem mat am Mëttelpunkt vun der Lëtzebuerger Kooperatioun stoungen, hir traureg Platz am Top 10 vun de schrooste Krisen. De Burkina Faso an de Mali.

Am dramateschste weltwäit ass d’Situatioun awer am Sudan. Et ass e brutale Biergerkrich, deen déi gréisst humanitär Kris, mat där gréisster Zuel u Flüchtlingen op der Welt fuerdert.
Rieds geet vun iwwer 11 Millioune Mënschen, also praktesch sou vill wéi d’Belsch Awunner huet. Ethnesch Säuberung,
sexuell Gewalt an Hongersnout gehéieren zum Alldag.

“Praktesch d’Hallschent vun de Leit, déi op der Welt vun doheem flüchte mussen, liewen an Afrika. Dat si 35 Millioune Mënschen, 35 Millioune Leit, déi Enn 2023 bannent hirem eegene Land op der Flucht waren. Déi meescht vun dësen internen Deplacementer ginn duerch Konflikter a Gewalt verursaacht, ma si ginn och ëmmer méi dacks duerch Katastrophen ausgeléist.” sou d’Alexandra Bilak, Direktesch vum “Internal Displacement Monitoring Centre”.

D’Analys vum International Rescue Committee ass kloer:

Et gi méi Konflikter, awer manner Diplomatie. Méi Ziviliste ginn ugegraff, mat kaum Konsequenzen. Parallel gëtt et weltwäit méi CO2-Emissiounen, awer manner Klimaschutz. Iwwerdeems méi Räichtum geschaaft gëtt, wiisst d’Aarmut awer weider.

10 Länner mat de gréisste Krisen laut dem IRC:

Sudan
Besate palästinensesch Gebitter
Myanmar
Syrien
Südsudan
Libanon
Burkina Faso
Haiti
Mali
Somalia

Back to Top
CIM LOGO