D’USA a Groussbritannien hätte gär, dass Russland elo aus dem UNO-Mënscherechts-Rot ausgeschloss gëtt. Et dierft een net zouloossen, dass e Member d’Grondprinzipie vu deem Rot komplett géif ënnergruewen, hunn déi zoustänneg Ambassadricë vu Washington a London op Twitter geschriwwen.
Eng 2-Drëttel Majoritéit an der UNO-Generalversammlung wier dofir néideg, déi wuel kéint beienee kommen.
Déi US-amerikanesch Regierung wier iwwerdeems am gaange Beweiser ze sammelen, fir eng Plainte um internationale Strof-Geriichtshaf zu Den Haag géint Russland ze maachen. Och d’UNO selwer wëll dat maachen, an och d’EU-Kommissioun huet eng Reaktioun annoncéiert.
An der Ukrain selwer ginn iwwerdeems weider Massaker gefaart. Den ukrainesche Procureur geet dervun aus, dass et beispillsweis an der Stad Borodyanka, nordwestlech vu Kiew , nach méi schlëmm ass, wéi zu Butscha.
D’Noriichtenagence AFP schreift um Dënschdeg de Moien, dass zu Motyschyn, och engem Viruert vu Kiew, d’Buergermeeschtesch a 4 weider Zivilisten dout opfonnt goufen. Si wieren un den Hänn gefesselt gewiescht a goufen exekutéiert. D’Buergermeeschtesch an hir zwee Bouwe ware virun zwou Wochen vu russeschen Truppe verschleeft ginn, well se sech geweigert hat, mat hinnen ze kollaboréieren.
De Weltsécherheetsrot zu New York kënnt um Dënschdeg beieneen.
Russland wëll do eegenen Aussoen no Beweiser virleeën, dass d’Ukrainer selwer fir dat responsabel sinn, wat zu Butscha geschitt ass. De russeschen UNO-Ambassadeur Nebensja huet vun enger klorer Provokatioun, a vun enger Inzenéierung geschwat. Dat russescht Militär hätt, huet, a wäert nimools esou Saache maachen, esou de Nebensja op enger Pressekonferenz.