Ried vum Joe Biden no den US-Walen"Et kann ee säi Land net nëmme gär hunn, wann ee gewënnt"

RTL Lëtzebuerg
Den US-President Joe Biden ass en Donneschdeg an enger kuerzer Ried op d'Resultat vun den US-Presidentiellen agaangen.
© SAUL LOEB AFP

An dëser huet hien erkläert, dass seng Administratioun, mam Donald Trump senge Leit géif zesummeschaffen, fir eng friddlech a geuerdent Muecht-Iwwergab ze assuréieren.

Hien huet dann och seng Vizepresidentin Kamala Harris gelueft. Si hätt eng gutt Campagne gemaach a si an hir Ekipp kéinten houfreg sinn.

D’Kompetitioun iwwer dat, wat Amerika soll sinn, wier esou al ewéi d’Land selwer. Verschiddener géifen den Ament eng Victoire feieren an anerer eng Néierlag verkraaften. Mat et kéint ee säi Land net nëmme gär hunn, wann ee gewënnt. D’Land géif e Choix maachen, an dee misst een akzeptéieren. Hie géif hoffen, dass béi politesch Lager sech net als Feinden, mä als Matbierger géife gesinn.

Ausserdeem géif hien hoffen, dass een d’Froen an Zweiwel ëm den amerikanesch Walsystem kéint op en Enn bréngen. Dëse wier éierlech, fair an transparent. Et kéint een e respektéieren, egal ob ee gewënnt oder verléiert. Hien huet dann och all deene Fräiwëllege Merci gesot, déi bei de Wale gehollef hunn.

Hie géif elo senger Flicht als President nokommen a sécherstellen, dass et den 20. Januar d’nächst Joer zu enger friddlecher Iwwergab vun der Muecht wäert kommen.

Back to Top
CIM LOGO