No Selenskyj-Kritik un Diesel-AccordEt wier "un der Zäit, datt d'Ukrain en neie President kritt", sou Donald Trump

RTL mat AFP
Den US-President Donald Trump huet e Samschdeg viru Journalisten eng Ofléisung vum ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj gefuerdert, dat nodeems dësen en Diesel-Accord tëscht den USA a Russland kritiséiert huet.
Schonn am Februar 2025 si béid Presidenten am Wäissen Haus viru lafende Kameraen hefteg uneneegeroden.
© AFP/SAUL LOEB

Et wier "un der Zäit, datt d'Ukrain en neie President kritt", dee bereet wier, de Krich mat Russland op en Enn ze bréngen, esou den Trump e Samschdeg am Wäissen Haus virun der Press. Do virdrun hat den ukrainesche President sech op Telegram entsat doriwwer gewisen, datt Washington a Moskau en Accord getraff hätten, deen eng Liwwerung vun insgesamt 800.000 Tonnen Diesel bis Mëtt November virgesäit.

Vun US-amerikanescher Säit erhofft ee sech duerch den Accord eng däitlech Reduktioun vun den Dieselpräisser. De Selenskyj huet op Telegram geschriwwen, den Deal wier net fair, net éierlech a géing de Krich an der Ukrain nëmme verlängeren.

Liest méi dozou hei:

Back to Top
CIM LOGO