De Lëtzebuerger Premier Xavier Bettel war bei der Nato dobäi, grad ewéi méi spéit um Donneschdeg beim Rot vun europäesche Staats- a Regierungscheffen. Den US-amerikanesche President Joe Biden war bei deenen 3 dobäi. Och den ukrainesche President Selenskyj war allkéiers iwwer Video bäigeschalt.
Dat soll e staarkt Symbol a Richtung Moskau sinn. D’Reunioun en Donneschdeg de Moie war awer méi ewéi just symbolesch fir den Zesummenhalt vum Weste geduecht. Esou eng Konzentratioun u Sommete gouf et rar zu Bréissel.
De Premier Xavier Bettel sot virum Sommet, et gi Reegelen a jidderee géif no senge Kompetenzen a Méiglechkeeten agéieren.
Um Spezialsommet zu Bréissel hunn déi 30 Alliéiert decidéiert, hir militäresch Defense speziell am Osten, mä och generell däitlech ze verstäerken.
40.000 Nato-Zaldote sinn un der Ostflank placéiert ginn.
De Chef vun der Allianz Jens Stoltenberg huet och confirméiert, dass 4 nei Batalliounen an d’Slowakei, Ungarn, Bulgarien a Rumänien geschéckt ginn.
Bis ewell ginn et Nato-Truppen an de baltesche Staaten a Polen. Elo sinn all ëstlech Memberstaaten ofgedeckt, et ass eng laangfristeg Verstäerkung, seet de Stoltenberg. De Putin kritt also net manner Nato, mä méi.
Wéinst der Gefor, dass de Putin den Asaz vu chemeschen a biologesche Waffe kéint ordonéieren, kritt d’Ukrain och Equipement, fir sech dogéint ze protegéieren. Op der Pressekonferenz no de Reuniounen huet den Nato-Generalsekretär präziséiert, dass dat Systemer fir Detektioun grad ewéi medezinescht Equipement ass.
D’Nato huet iwwerdeems hir Defense-Programmer géint atomar, biologesch a chemesch Menacen aktivéiert.
D’Allianz fuerdert China op, de russesche Krich an der Ukrain och kloer ze condamnéieren. Vu Russland erwaart ee sech, d’Waffen direkt néierzeleeën.
De Lëtzebuerger Premier Xavier Bettel sot nom Spezialsommet RTL géintiwwer, dass d’Presenz vum japanesche Premier, deem aus Kanada an déi vum US-amerikanesche President géif weisen, dass d’Welt zesumme géint dee Krich steet.
D’Nato-Äntwerten op eng méiglech russesch Attack mat chemesche Waffe wäre proportional dozou. De Putin géif domat eng kloer rout Linn depasséieren.
Wéi akut gëtt d’Gefor vu sou Attacken dann ageschat zu Bréissel?
Dozou sot de Lëtzebuerger Premier Xavier Bettel, deen d’Prioritéit beim Effort ze deseskaléiere gesäit:
“Et sinn den Ament onberechenbar Reaktioune méiglech. Mir gesinn, dass d’Situatioun sech den Ament um Terrain net verbessert. Fir eis ass dat e wichtege Punkt, dee mir an all Gespréicher ëmmer nees ënnersträichen. Mir haten och nees Kontakt mat der ukrainescher Säit. Mir probéieren ëmmer do ze hëllefen, wou mir kënnen hëllefen. Wann inakzeptabel Aktioune kommen, da wäert och eng Reaktioun kommen, déi ganz ganz staark ass. Mir sollen elo net schonn am Viraus programméieren, wat d’Reaktioune sinn, well déi gi koordinéiert geholl. Mee mir passe ganz genee op, wat geschitt. Et gi rout Linnen an d’Äntwert wäert dann och proportionell sinn, wann eng rout Linn depasséiert gëtt.”
Dem Xavier Bettel no wär d’Prioritéit elo awer, dass den ukrainesche President Selenskyj an de Putin sech un een Dësch setzen.
Eng direkt Ausernanersetzung mat Russland wëll d’Nato op alle Fall verhënneren. Virop soll den US-President Joe Biden ëmmer nees betount hunn, dass d’Méiglechkeete vun der Allianz sech a Grenzen halen. A Grenzen hale mussen.
Vill Memberstaaten – och Lëtzebuerg - hu sech bereet erkläert, weider Waffen ze liwweren an och méi sophistiquéierter, wa se kënnen. De Selenskyj fuerdert jo ënnert anerem 200 Nato-Panzeren.
Bei konkreten Zuelen huet den Nato-Chef sech awer zeréckgehalen. Ëmmer gekoppelt awer un d’Aussoen, wéi vill ee jo awer scho gehollef hätt. D’Nato wëll hir Waffeliwwerungen un d’Ukrain allerdéngs och méi breet fächeren.
Den US-amerikanesche President Joe Biden huet Russland dofir gewarnt, chemesch Waffen an der Ukrain anzesetzen. D’Konsequenz wär eng Reaktioun vun de westleche Staaten. Dat sot den US-President op enger Pressekonferenz no de Reunioune vun der Nato an duerno de G7.
Am RTL-Interview hat och de Lëtzebuerger Premierminister Xavier Bettel betount, russesch Attacke mat chemesche Waffen hätten als Konsequenz, dass d’Nato verhältnisméisseg reagéiere géif. De Putin sollt sech dat gutt iwwerleeën, esou de Xavier Bettel nom Nato-Sommet.
De Wladimir Putin hätt drop gebaut, dass d’Nato géif gespléckt ginn, sou den US-President Joe Biden zu Bréissel, ma de Krich hätt d’Militärallianz just nach méi zesummegeschweesst.
“D’NATO war nach ni esou vereent wéi haut. De Putin huet mam Amarsch an der Ukrain genee de Géigendeel vun deem erreecht, wat en erreeche wollt.”
Dee selwechten Zesummenhalt wier mat der EU an de G7 erreecht ginn. Et géif een donieft och hoffen, dass China seng Relatioun mat Russland net nach weider verdéift. Op alle Fall wieren d’USA bereet, Russland aus dem G20 auszeschléissen.
Russland ass jo um nächste G20-Sommet am November, dee vun Indonesien op Bali organiséiert gëtt, mat invitéiert.
Um EU-Sommet wäerten d’Stëmme méi haart ginn, déi fuerderen, dass d’Sanktiounen op d’Energie-Importer ausgebreet ginn. De lettesche Premier huet dee Message beispillsweis bei senger Arrivée schonn u seng Homologe gemaach. An dat obwuel Lettland selwer staark ofhängeg vu russeschem Gas a Pëtrol wier. Mä iergendwéi misst d’russesch Krichsmaschinerie jo gestoppt ginn. Dat mengt och Finnland, hält sech bei direkten Importstoppen awer bedeckt. Den éisträichesche Premier Karl Nehammer huet en Embargo op Gas a Pëtrol aus Russland awer schonn decidéiert ausgeschloss.
Lëtzebuerg, Belsch an Holland sinn oppe fir nei Sanktiounen. Bei der Fuerderung vun engem direkten Importstopp huet sech op d’mannst de Premier Xavier Bettel virun de Reuniounen awer bedeckt gehalen. Sanktioune missten ëmmer en Zil hunn, an dësem Fall eng Wafferou.
Och Lëtzebuerg rëscht mat deenen anere Memberlänner weider op. De militäresche Budget fir den Zäitraum 2014 an 2024 ass ëm 230 Prozent eropgesat ginn, huet de Premier Xavier Bettel virun der Lëtzebuerger Press präziséiert.
Eng héich Croissance, allerdéngs geet se fir déi gefroten 2 Prozent vum Bruttoinlandprodukt nach ëmmer net duer. Esou drastesch hätten awer wéineg Länner hire Budget gehéicht, huet de Xavier Bettel ze bedenke ginn.