
Wéi et um Site vun der EU-Kommissioun heescht, wieren eleng zejoert iwwer 600 Millioune Mënschen iwwer d’EU-Baussegrenzen an d’Unioun agereest. Digital Päss a Cartes d’identités kéinten hëllefen, d’Kontrollen op de Grenze méi séier ze maachen a fir e méi séchert Reese suergen.
An deem Kontext huet d’Kommissioun eng Propos fir e legale Kader fir d’Benotze vun digitale Reesdokumenter publizéiert.
Déi digital Reesdokumenter sollen digital Versioune vum physesche Pass respektiv der physescher Carte d’identité sinn. An hinne sollen déi nämmlecht Informatiounen ewéi op den Chippen, déi an den Dokumenter sinn, gespäichert sinn. Dorënner och eng Foto awer net d’Fangerofdréck.
Déi digital Dokumenter solle kënnen um Handy a - wann et se da bis gëtt - an der digitaler EU-Rees-Applikatioun gespäichert ginn. D’Notze vun den digitale Reesdokumenter soll gratis an op fräiwëlleger Basis passéieren.
Duerch déi digital Dokumenter soll et méi schwéier ginn, mat gefälschten Dokumenter iwwer d’EU-Baussegrenzen anzereesen. Ausserdeem sollen d’Kontrollen op de Grenze méi séier vu sech goen, wat fir e méi séier Reese soll suergen. Ausserdeem kéinten d’EU-Staaten et hire Bierger erlaben, déi digital Dokumenter fir administrativ Demarchen ze notzen, wat fir e Réckgang vum administrativen Opwand géif suergen.