
Ma well d’geopolitesch Entwécklungen esou vill Suerge maachen, komme si op Invitatioun vum portugisesche Rotspresident Antonio Costa en Donneschdeg fir e Spezialsommet zu Bréissel beieneen. Déi Reunioun ass voll a ganz der europäescher Defense an der Ukrain consacréiert. Et geet ëm honnerte Milliarden Euro. Un en Accord zu 27 ass virun der Reunioun schonn eigentlech net ze denken.
Den ungaresche Regierungschef Viktor Orban a säin Homolog aus der Slowakei Robert Fico hu scho Widderstand annoncéiert. Si ralliéiere sech dem Trump senge Pläng fir eng Wafferou am Ukrain-Krich a stinn och dem russesche President Putin no. Et bleift ze klären, ob et och zu 25 Memberstaate geet, wéi de Lëtzebuerger Premierminister Luc Frieden schonn ugedeit hat.
Den Europäer, déi sech hannert den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj stellen an d‘Ukrain och als Affer a Russland als Täter unerkennen, bleift näischt aneres iwwreg, ewéi selwer an d‘europäesch Defense z‘investéieren a massiv opzerëschten. Déi meescht wëllen net ausschléissen, dass de Wladimir Putin am Stand ass no der Ukrain och NATO-Staaten unzegräifen. Kuerz no der Annonce vum US-President Donald Trump, d‘Vereenegt Staate géifen hir Militärhëllefe fir d‘Ukrain elo mol stoppen, hat d’Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen e Fënnef-Punkte-Plang presentéiert, fir Europa militäresch nees opzerëschten: d‘Reegele fir Scholde solle méi labber an Investitiounen an d‘Defense méi attraktiv ginn. Alles an allem kéint Europa bis zu 800 Milliarden Euro mobiliséieren. Et bleift awer zum Beispill nach ze klären, wéi en neie Fong fir EU-Akeef vu militäreschem Material a Cybersécherheet ka mat 150 Milliarden Euro gefiddert ginn.
Et kann ee sech iwwerdeems gutt virstellen, dass d‘Staats- a Regierungscheffen och driwwer schwätze wäerten, fir de Prozentsaz, deen e Land vu sengem PIB fir d‘Defense muss virgesinn, eropzesetzen. D‘NATO verlaangt vun hire Memberen aktuell 2 Prozent. Eng ganz Rei EU-Memberstaaten, dorënner Lëtzebuerg, erfëllen awer emol dat Zil net.
D‘EU als Ganzt steet bei 1,9 Prozent, dat waren zejoert 326 Milliarden Euro. En EU-Conseil, bei deem et also ëm d‘Fro geet: wéi kann d’EU d’Ukrain ënnerstëtzen a wéi kann Europa sech selwer verdeedegen, a virun allem: wéi kann dat finanzéiert ginn?
De Sommet geet offiziell um 12.30 Auer un. Eis RTL-Ekipp op der Plaz hält Iech um Radio, den Owend op der Tëlee, an och Online um Lafenden.