
D'EU-Kommissioun huet en Dënschdeg Propose fir eng Vereinfachung vum Bäitrëttsprozess an e méi staarke Schutz viru rechtsstaatleche Vergoe bei neie Membere virgeluecht.
D'Opnam vun neie Memberstaate géing et néideg maachen, "eis Institutioune virzebereeden, eis Politik un nei Realitéiten unzepassen", huet d'EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen erkläert. Fir de Fall vun engem Bäitrëtt vun der Ukrain plangt Bréissel spezifesch Spezialreegelen am Agrarsecteur.
Grondsätzlech wëll d'EU-Kommissioun de Bäitrëttsprozess méi einfach maachen. Esou soll an Zukunft bei manner Schrëtt wéi bis ewell de Prinzip vun der Unanimitéit gëllen. Amplaz soll ënnert anerem fir d'Ouverture vun neie Verhandlungsbléck eng qualifizéiert Majoritéit vun de Memberstaaten duergoen. Gläichzäiteg solle Bäitrëttskandidate scho wärend de Verhandlunge méi staark an d'Prozesser an Institutioune vun der EU agebonne ginn, wa si gewëss Standarden erfëllen.
Déi russesch Invasioun an d'Ukrain am Februar 2022 hat de Beméiunge fir eng Erweiderung vun der EU neie Schwong ginn. D'Ukrain a Moldawien hu sech doropshin an d'Spill bruecht. Déi zwee Länner, déi fréier zu der Sowjetunioun gehéiert hunn, gehéieren zu de véier Favoritte fir e Bäitrëtt. De Musterschüler Montenegro kéint d'Bäitrëttsverhandlungen schonn dëst Joer ofgeschloss hunn, Albanien d'nächst Joer.
Zu Bréissel gëtt ëmmer nees d'Wichtegkeet vun der Erweiderung fir d'Zukunft vun der EU betount. Fir d'lescht war 2013 mat Kroatien en neit Land an d'EU opgeholl ginn.
Allerdéngs gëtt et d'Angscht, datt eng Erweiderung vun der Unioun, an där aktuell 27 Länner sinn, souwuel de Budget wéi och déi politesch Handlungsfäegkeet belaaschte kéint. "Et gi verschidde Risken a mir hu Beräicher identifizéiert, an deenen Upassungen néideg wäerte sinn", esou d'EU-Erweiderungskommissärin Marta Kos.
D'Kommissiounsdokument gesäit ënnert anerem vir, datt bei "besonnesch uerge Verstéiss" géint d'Rechtsstaatlechkeet oder déi "de Fonctionnement vun der Unioun beanträchtegen", e Land am schlëmmste Fall säi Stëmmrecht am Rot vun den EU-Länner verléiere kann. Déi sougenannt Schutzklausel soll fir 15 Joer nom Bäitrëtt gëllen an den Artikel siwe vum EU-Vertrag ergänzen, dee schonn en Entzuch vum Stëmmrecht erméiglecht - allerdéngs mat villen Hürden.
D'Erfarung mat Ungarn ënnert dem fréiere Regierungschef Viktor Orban hat ausserdeem dozou gefouert, datt de Prinzip vun der Unanimitéit zu Bréissel grondsätzlech hannerfrot gëtt. Esou gesäit d'Propos vun der Kommissioun och vir, datt a méi Beräicher wéi bis ewell Decisioune mat qualifizéierter Majoritéit geholl kënne ginn - esou bei Sanktiounen. Dozou solle Méiglechkeeten, déi schonn an den EU-Kontrakter festgehale sinn, besser a méi genotzt ginn.
Mat Bléck op e méigleche Bäitrëtt vun der Ukrain strieft d'Kommissioun "geziilt Reegele" fir d'Landwirtschaft un. Déi gemeinsam Agrarpolitik ass ee vun de gréisste Posten am EU-Budget. De gréissten Deel vum Agrar-Budget gëtt no Fläch verdeelt. D'Ukrain soll wéinst der Gréisst a Produktivitéit vun hirem Agrarsecteur vun där Reegel ausgeholl ginn.
D'Kommissioun plangt, déi "finanziell Ënnerstëtzung an den Zougang op de Marché", fir gewëss landwirtschaftlech Produiten aus der Ukrain "däitlech" ze limitéieren. "Mir mussen d'Baueren an der Europäescher Unioun schützen", sot d'Kos. Bréissel wëll Kiew amplaz nom Krich hëllefen, "nees Zougang zu hiren traditionellen Exportmarchéen an Drëttstaaten ze kréien".