
Eng Lëscht, déi ënnert anerem der AFP virläit, gesäit hei Taxe fir Produite wéi Mais, Sojabounen, Poulet, Textil- a Stolproduiten, a fir Make-up vir. E Mëttwoch wëllen déi 27 EU-Memberstaaten iwwert dës Lëscht ofstëmmen. Net an dëser Lëscht enthale sinn alkoholesch Produite wéi Bourbon-Whisky, déi a sech och mat Taxen hätte solle beluecht ginn.
Bréissel reagéiert hei op den Drock vu Wäin-Exportlänner wéi Frankräich an Italien, nodeems den US-President Donald Trump Import-Taxe vun 200 Prozent op alkoholescht Gedrénks aus Europa an d’Spill bruecht huet. Den italieeneschen Ausseminister Antonio Tajani huet beim Treffe vun den EU-Ausseministeren e Méindeg zu Lëtzebuerg gesot, Taxen op Bourbon wier “kontraproduktiv”.
Dës Lëscht wier den zweeten Deel vun der europäescher Äntwert op dem Trump seng Taxen op Stol- an Aluminiumproduiten aus dem leschte Mount. Sollt dës Lëscht vun de Memberlänner ugeholl ginn, kéinten déi meeschten Taxe scho Mëtt Mee fälleg ginn. Ënnert anerem Taxen op Mandele géifen dann eréischt vun Dezember u gëllen. Ufank nächster Woch kéinten dann och nach eemol nei Optioune fir Taxe säitens der EU presentéiert ginn, esou e Spriecher vun der EU-Kommissioun en Dënschdeg de Mëtteg.
An engem éischte Schratt solle schonn am Abrëll EU-Taxen aus dem Trump senger éischter Amtszäit nees agefouert ginn. Dat betrëfft US-Produite wéi Harley-Davidson-Motoen an Jeans. Och gouf e Méindeg zu Lëtzebuerg beim Treffe vun den EU-Ausseministeren iwwer méiglech Prozedurë géint US-Gigante wéi Apple, Google a Meta diskutéiert. Virun allem Däitschland a Frankräich hu sech fir esou eng Optioun ausgeschwat, Irland beispillsweis betount, virsiichteg heibäi ze sinn.
D’Land wëll am Handelskonflikt mat den USA net noginn. “Wann d’USA drop bestinn, hiren eegene Wee ze goen, wäert China bis zum Enn dogéint ukämpfen”, sou e Spriecher vum Handelsministère en Dënschdeg zu Peking.
Hie fuerdert Washington op, “d’Behënnere vun der chineesescher Ekonomie a vum chineeseschen Handel ze stoppen”, a fuerdert “a gläichberechtegten Dialog op der Grondlag vu géigesäitegem Respekt”. Menacen an Erpressunge wieren “net de richtege Wee”.
D’EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen warnt China awer virun enger Eskalatioun am Handelssträit mam US-President Donald Trump. Si huet an engem Telefonsgespréich mam Ministerpresident Li Qiang “zu enger Verhandlungsléisung fir déi momentan Situatioun” opgeruff a betount, “dass eng weider Eskalatioun misst evitéiert ginn”.
Den Donald Trump hat de Konflikt mat China e Méindeg duerch d’Menacë vun neien drasteschen Taxe weider ugekuerbelt. Hien huet d’Regierung zu Peking gewarnt, dass en zousätzlech Taxe vu 50% op chineesesch Importer géif setzen, sollt Peking seng Revanche-Taxen op US-Produiten net zeréckzéien. China wollt jo vun en Donneschdeg un d’Taxen op US-Wueren op de gläichen Niveau hiewen, wéi d’USA et mat chineeseschen Importer maachen.