Drëtt Baisse zanter JuniEuropäesch Zentralbank setzt Zënsen op 3,25 Prozent erof

RTL Lëtzebuerg
D'europäesch Zentralbank (EZB) huet de Leetzëns en Donneschdeg op en Neits erofgesat.
© AFP/Daniel ROLAND

Duerch déi manner staark Inflatiounsgefor konnt deen elo ëm 0,25 Prozentpunkten no ënnen ugepasst ginn a läit dann elo bei 3,25 Prozent.

Et ass schonn déi drëtt Baisse, zanterdeem d’Zentralbank am Juni fir d’éischte Kéier nees mat den Zënsen erofgaangen ass. Och am September war de Leetzëns schonn no ënnen ugepasst ginn.

D’Inflatioun am Euroraum ass am September op 1,7 Prozent erofgaangen a läit domat nees ënnert dem Zilwäert vun 2 Prozent. D’EZB geet awer dovunner aus, datt d’Präisdeierecht an den nächste Méint nach emol klëmmt, fir dann am Laf vum nächste Joer d'2%-Zil z’erreechen, dat huet d’EZB-Cheffin Christine Lagarde erkläert. All d’Zeeche géifen op eng Baisse vun der Inflatioun hindeiten. D’Christine Lagarde huet op en neits betount et géif een vu Reunioun zu Reunioun kucken. Eng Zouso fir eng weider Zënsbaisse am Dezember géif et net ginn.

Back to Top
CIM LOGO