CoronavirusEuropol warnt viru Bedruch mat Impfstoffer

RTL Lëtzebuerg
Um Ufank vun de Corona-Impfungen an der EU warnt déi europäesch Policeautoritéit viru Kriminellen.
© AFP (Archiv)

Déi europäesch Policeadministratioun Europol warnt viru gefälschten Impfstoffer. Et géif déi reell Gefor bestoen, dass Krimineller géife probéieren, déi enorm Demande fir Vaccinen auszenotzen, esou d’Direktesch vun Europol, Catherine De Bolle.

Et géif och scho konkret Indicen dofir ginn, wéi zum Beispill Verkafsofferen a sozialen Netzwierker. Wien dorobber géif agoen, dee kréich nom Bezuelen entweder guer näischt geschéckt oder e kréich gefälschten Impfstoff.

Back to Top
CIM LOGO