Fir "Commentaire an Analys"Ex-Pressespriecherin vum Donald Trump Karoline Leavitt geet bei Fox News

AFP, iwwersat vun RTL
Dem Donald Trump seng Animositéit géint d'Press huet sech zanter dem Leavitt hirem Depart verstäerkt.
D'Karoline Leavitt bei engem Pressebriefing vum Wäissen Haus am Juli 2026.
D'Karoline Leavitt bei engem Pressebriefing vum Wäissen Haus am Juli 2026.
© SAUL LOEB/AFP

Déi fréier Pressespriecherin vum Wäissen Haus, d'Karoline Leavitt, eng trei Alliéiert vum US-President Donald Trump, geet bei Fox News. Do soll si"Commentaire an Analys" bereetstellen, esou de konservative Sender e Méindeg.

Hiren éischten Optrëtt huet si den 1. November. Dat sot d'Fox-News-Cheffin Suzanne Scott, déi d'Karoline Leavitt fir hiert "kloert Verständnis vun der aktueller politescher Landschaft" gelueft huet.

D'Karoline Leavitt krut am Fréijoer hiert zweet Kand an ass Enn August zeréckgetrueden, fir sech op hir Famill ze konzentréieren. Si wëll d'"MAGA"-Beweegung (Make America Great Again) awer weiderhi promoten.

"Ech freeë mech drop, meng eenzegaarteg Perspektiv aus menger Zäit als Pressesekretärin am Wäissen Haus anzebréngen. Zesumme mat der selwechter Energie an Oppenheet, déi meng Mandatszäit gepräägt hunn", sot si.

Den Donald Trump huet nach keen neie Pressesekretär ernannt an huet zanter dem Depart vum Karoline Leavitt keng reegelméisseg Briefinge méi ginn. Seng Animositéit géint d'Press huet sech zanterhier verstäerkt. Hien hat probéiert CNN, MS NOW souwéi Politico aus dem Wäissen Haus auszeschléissen.

E Riichter hat d'Administratioun dozou verflicht, dës Decisioun zeréckzehuelen.

D'Karoline Leavitt war déi jéngste Pressespriecherin an der US‑Geschicht. Hire Récktrëtt koum zu engem Moment, wéi den Trump mat ëmmer méi schwaache Sondagen ze kämpfen hat. Fir d'Republikaner kéint dat bei de Kongress‑Tëschewalen am November zu enger Néierlag féieren.

Back to Top
CIM LOGO