
Am Joer 2011 soll déi aktuell Presidentschaftskandidatin fir d’Demokraten dem Fake-Video no e Meedche vun 13 Joer mam Auto ugestouss a schwéier blesséiert hunn. Dat erzielt op alle Fall eng Fra an engem Video, deen zanter Deeg am Internet d’Ronn mécht. D’Fra hannert dem Steier, déi dem Video no d’Kamala Harris gewiescht soll sinn, hätt vum Steierrad erofgekuckt, “dann hiert Gesiicht ewech gedréint an ass séier weidergefuer”. Zanterhier wier d’Alisha Brown, wéi d’Fra am Video sech nennt, geläämt an am Rollstull.
An nëmmen e puer Deeg soll de Video sech immens séier verbreet hunn, ma wouer wier en net. Eng Recherche vu Microsoft huet d’Falschmeldung nämlech elo op eng russesch Desinformatiounscampagne zeréckgefouert. Der Fuerscherekipp vum Threat Analysis Center no stécht hannert dem Video e russesche Propaganda-Grupp mam Numm Storm-1516, dee mam Kreml a Relatioun soll stoen.
Direkt e puer Fakte géingen dem Tech-Gigant no géint de Video schwätzen. Deemno wier dat presuméiert Affer eng bezuelt Schauspillerin, de presuméierten Noriichtesender “KBSF-TV” existéiert guer net an de Site, dee fir de Sender ugeluecht gouf, ass gefälscht a gouf eréischt eng Woch virum Eropluede vum Video ugeluecht.
Fir de Video ënner sou vill wéi méiglech Leit ze kréien, hätten iwwerdeem vill prorussesch Acteure bei der Verbreedung gehollef. Storm-1516 wier ausserdeem dofir bekannt, gefälscht Videoe mat Schauspiller ze produzéieren an esou Konspiratiounen iwwer politesch Géigner ze verbreeden. Och e Video, op deem presuméiert Harris-Supporter en Trump-Supporter ugräife géingen, soll vum russesche Propaganda-Grupp sinn.
Fir Microsoft wier de Video e Beweis dofir, datt Russland grad ewéi bei fréieren US-Wale probéiere géing, vu baussen d’Walen ze beaflossen. Uganks wier et de russesche Propagandisten zwar schwéier gefall, nom Kanidatewiessel vum Joe Biden op d’Kamala Harris hir Desinformatiounscampagnen ëmzelenken, heescht et vu Microsoft weider. Ma spéitstens vun Enn August un hätt virun allem Storm-1516 ugefaangen, mat “ausgefale Fake-Verschwörungsmythen” d’Kamala Harris an hire Vize-Kandidat Tim Walz wëllen ze diskreditéieren.