Ministerpresident NetanjahuFalsch Läich un Israel ginn, Hamas geet vu Verwiesslung aus

RTL Lëtzebuerg
Nodeems Israel gemellt hat, datt d'Fraeläich, déi d'Hamas hinne ginn hat, net d'Mamm vun den doudege Kanner wier, huet den Netanjahu Detailer matgedeelt.
© AFP

Dem israeelesche Ministerpresident Benjamin Netanjahu no wier et d’Läich vun enger Fra aus der Gazasträif, déi d’Hamas Israel en Donneschdeg ginn hat. “Mat engem onvirstellbaren Zynismus hu se net d’Shiri zesumme mat hire Kanner (...) ginn, an hunn d’Läich vun enger Fra aus der Gazasträif an de Sarg geluecht”, huet den Netanjahu an engem Videomessage matgedeelt. “D’Grausamkeet vun den Hamas-Monster huet keng Grenzen”, huet hien nach betount.

“Mir wäerten entschloss handelen, fir d’Shiri heem ze bréngen”, sot de Ministerpresident weider. “D’Hamas wäert en deiere Präis fir dëse grausamen a perverse Verstouss géint d’Ofkommes bezuelen.”

D’Hamas huet um Freideg reagéiert mat der Ausso, et géing sech wuel ëm eng Verwiesslung handelen. Owes huet d’Miliz du matgedeelt, datt een entretemps dem Roude Kräiz déi richteg Läich, also déi vum Shiri Bibas ginn hätt.

D’radikalislamesch Miliz hat am Kader vum Ofkommes iwwert eng Wafferou en Donneschdeg véier Läichen un Israel ginn. D’Hamas hat annoncéiert, datt dorënner déi stierflech Iwwerreschter vun zwee klenge Kanner an hirer Mamm wieren.

Läiche vu Bouwen identifizéiert

An der Nuecht op e Freideg hat en Arméisspriecher aus Israel scho confirméiert, datt déi stierflech Iwwerreschter, déi d’Hamas-Miliz en Donneschdeg Israel ginn hat, déi vun de Bibas-Bridder Ariel a Kfir sinn. D’Bouwe ware 4 Joer respektiv knapp 9 Méint al, wéi se vun den Terroriste gekidnappt goufen. Déi lescht Erkenntnisser géife weisen, datt d’Kanner am November 2023 an der Geiselschaft vun der Hamas brutal ëmbruecht gi wieren. Israel widdersprécht domadder der Duerstellung d’Mamm an d’Kanner wieren an enger israeelescher Loftattack ëmkomm.

Iwwerdeem hat déi israeelesch Arméi scho matgedeelt, datt d’Fraeläich, déi d’Hamas en Donneschdeg un Israel ginn huet, net wéi gesot déi däitsch-israeelesch Geisel Shiri Bibas ass. D’Hamas hätt dem Roude Kräiz déi stierflech Iwwerreschter vun enger onbekannter Persoun iwwerreecht. En Arméisspriecher hat vun engem eklatante Verstouss géint d’Ofkommes fir eng Wafferou geschwat.

© AFP

Déi véiert Läich, déi en Donneschdeg an Israel bruecht gouf, ass de pensionéierten israeelesche Journalist Oded Lifshitz, dee sech fir d’Rechter vu Palästinenser agesat huet. Grad ewéi d’Bibas-Famill gouf och den zum Zäitpunkt vun der Geiselnam 83 Joer ale Lifshitz de 7. Oktober 2023 aus sengem Haus am Kibbuz Nir Oz entfouert.

De Kfir an den Ariel Bibas waren déi lescht Kanner, déi no hirer Entféierung nach an der Gewalt vun den Islamisten an der Gazasträif waren. D’Hamas hat dee Moment op Video festgehalen. D’Opname vun de Bouwen am Aarm vun hirer verzweiwelter Mamm waren ëm d’Welt gaangen a goufen an Israel zum Symbol fir de brutalen Iwwerfall vun der Miliz an hiren Alliéierten. De Papp vun de Kanner, de Jarden Bibas, war getrennt vu senger Famill festgehale ginn. Hie koum den 1. Februar am Kader vum Wafferou-Ofkommes fräi.

© LAETITIA NOTARIANNI/Hans Lucas via AFP

RTL-News (20.2.25): Mamm a Kanner sollen dobäi sinn: Hamas huet véier Läiche vu Geiselen un d’Rout Kräiz ginn

Back to Top
CIM LOGO