USAFDA huet Impfstoff Moderna zougelooss

RTL Lëtzebuerg
An den USA gouf esou mëttlerweil schonn den 2.Vaccin géint de Coronavirus zougelooss.

D’Medikamenten-Administratioun FDA huet hënt dem amerikaneschen Impfstoff vu Moderna eng Urgence- Autorisatioun ginn. Virun enger Woch hat jo de Vaccin vun der däitsch-amerikanescher Firma Biontech-Pfizer schonn eng Autorisatioun kritt. Zanter e Méindeg gëtt dësen Impfstoff och agesat, ma en muss däitlech méi kill gelagert gi wéi dee vu Moderna. Amerikanesch Regierungsbeamten hunn erkläert dass schonn Ugangs nächst Woch de Moderna-Vaccin kéint an den Asaz kommen. Et stéingen direkt 6 Milliounen Dose vum Vaccin zur Verfügung.

Fir de Moderna-Vaccin ass dëst déi éischt Autorisatioun weltwäit. D’Entreprise huet erkläert bis Enn des Joer géinge bis zu 20 Milliounen Dose vun hirem Vaccin bereet stoen a fir déi éischt 3 Méint 2021 souguer 100 bis 125 Milliounen. D’EU-Kommissioun hat am Ganzen 160 Milliounen Dose bei Moderna bestallt.

Back to Top
CIM LOGO