Serie US-Presidentiellen (4)Firwat wielen d'Amerikaner eigentlech op engem Dënschdeg?

RTL Lëtzebuerg
An de meeschten europäesche Länner sinn déi national Walen op engem Sonndeg. Ma an den USA ass den traditionelle Waldag net de Sonndeg, mä en Dënschdeg.
D'Preparatioun fir de Waldag an den USA lafen.
D’Preparatioun fir de Waldag an den USA lafen.
© SCOTT OLSON / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / Getty Images via AFP

Wisou ass dat eigentlech de Fall a firwat sinn d’Presidentiellen an den USA eigentlech Ugangs November? Dëse Froe gi mir an dësem kuerzen Intermezzo zu den US-Walen no.

D’Äntwerten op béid Froen hunn domat ze dinn, dass de President an den USA schonn zanter dem Enn vum 18. Joerhonnert gewielt gëtt.

Wärend den éischte ronn 50 Joer vun der amerikanescher Geschicht, haten d’Bundesstaaten ënnerschiddlech Deeg, op deene gewielt gouf. Eréischt wann all Staat gewielt hat, hunn d’Walleit sech an der Haaptstad Washington D.C. getraff a sech op den neie President festgeluecht.

1845 gouf dunn e Gesetz gestëmmt, dat de Waldag fir alleguer d’Staaten op den Dënschdeg nom éischte Méindeg am November festgesat huet. Dass dësen Dag ausgesicht gouf, erkläert sech doduerch, dass d’amerikanesch Gesellschaft am 19. Joerhonnert gréisstendeels aus Bauere bestanen huet. Den November huet als Mount Sënn gemaach, well d’Recolte eriwwer war an et an de meeschte Staaten nach waarm genuch war, fir bei e Walbüro ze reesen.

Den Dënschdeg gouf als Wochendag quasi duerch en Eliminatiounsprozess ausgewielt. Well et deemools nach net esou vill Walbüroe gouf ewéi haut, hu vill Leit ronn een Dag gebraucht, fir bei hire Büro ze reesen. Deemno hu missen zwee Deeg ageplangt ginn, fir dass d’Leit konnte wielen.

De Sonndeg ass deemools aus reliéise Grënn, weder als Rees-, nach als Waldag a Fro komm. Also si samschdes a sonndes a méindes ewechgefall. De Mëttwoch war a ville Géigenden den Dag, op deem d’Baueren hir Produiten um Maart verkaf hunn. Deemno si Mëttwochs an Donneschdeg och net a Fro komm. Also si freides an dënschdes iwwreg bliwwen. Tëscht dësen zwee Deeg ass d’Wiel dann op den Dënschdeg gefall.

Dass spezifesch den Dënschdeg nom éischte Méindeg am November ausgewielt gouf, war fir sécherzestellen, dass de Waldag net op den 1. November an domat op de chrëschtleche Feierdag Allerhellege fält.

Back to Top
CIM LOGO