
Déi zivil Plainte gouf vun enger Spriecherin vum Düsseldorfer Landesgeriicht confirméiert, nodeem d’"Rheinische Post” dëst gemellt hat. D’Aktivisten haten den 13. Juli 2023 de Stacheldrot iwwert dem Drot, deen de Fluchhafe soll ofsécheren, futtigeschnidden a waren esou op d’Pist vum Fluchhafe komm. De Fluchverkéier hat fir ronn zwou Stonne mussen ënnerbrach ginn.