
Um Samschdeg dunn huet de presuméierten Täter sech selwer bei der Police gestallt. Et ass e 26 Joer ale Syrer, dee Member vun der Terrormiliz IS soll sinn. Seng Demande an Däitschland Asyl ze kréien, gouf refuséiert, well hie fir d’éischt a Bulgarien europäesche Buedem betratt huet. Am Joer 2023 sollt de Syrier schonn aus Däitschland expulséiert ginn. Wéi d’Autoritéiten de Mann wollte siche kommen, wier hien einfach net do gewiescht, wéi den Inneminister Herbert Reul erkläert huet. Dem 26 Joer ale Mann seng Dot soll op den IS zeréckgoen. D’Terrormiliz huet d’Dot och fir sech beusprocht. Géint de Mann leeft eng Enquête wéinst Mord, versichtem Mord an der Memberschaft an enger Terror-Organisatioun.
D’Attack huet d’Flüchtlingsdebatt an Däitschland relancéiert. Den Alexander Throm vun der CDU fuerdert, dass d’Asyl- a Grenzpolitik an Däitschland verstäerkt gëtt. De sougenannte subsidéierte Schutz fir Afghanen a Syrer sollt ewechfalen, well “an Afghanistan fanne keng Kampfhandlunge méi statt, a Syrien nëmme begrenzt”, sou den CDU-Politiker.
Och den CDU-Chef Friedrich Merz schléisst sech deem un a fuerdert en “Opnamestopp” fir Flüchtlingen aus Syrien an Afghanistan. De Ministerpresident vu Bayern Markus Söder (CSU) fënnt iwwerdeems, dass Täter direkt festgeholl an d’Land verloosse sollen, besonnesch a Richtung Syrien an Afghanistan.
De CDU-Politiker Jens Spahn setzt sech dofir an, Grenzen zouzemaachen, fir déi “irregulär” Migratioun ze stoppen. An engem Interview seet de Politiker: “Et kommen zënter Joren all Dag honnerte jonk Männer aus Syrien an Afghanistan an Däitschland an Europa. Dat muss endlech ophalen.”
D’SPD akzeptéiert dës Fuerderungen net. Sou ee Schrëtt “ass mat eise Gesetzer net vereenbar, net mat der Europäescher Flüchtlingskonventioun an net mat eiser Verfassung”, sou d’SPD-Chefin Saskia Esken. Mënschen, déi selwer virum radikalen Islam flüchten, elo d’Dier virun der Nues zouzemaachen, dat kéint net d’Äntwert sinn, fënnt den SPD-Generalsekretär Kevin Kühnert.
Um Méindeg ass de Bundeskanzler Olaf Scholz zu Solingen op Besuch, fir den Affer ze gedenken a mam Rettungsdéngscht ze schwätzen, deen de Freideg op der Plaz war.
De Bundeskanzler huet dobäi nach emol widderholl, datt Asyldemandeuren, déi net an Däitschland dierfte sinn a bleiwen, zeréck an hir Heemechtslänner geschéckt ginn oder an déi EU-Länner, wou se fir d’éischt ukomm sinn, esou ewéi d’aktuell Dublin-Reegelen et virgesinn. Den SPD-Politiker huet dat zanter hie Kanzler ass scho puer Mol deklaréiert.