CNN melltFotoe vu Fra, déi zu Lëtzebuerg schafft, fir Pro-Trump-Campagne mëssbraucht

RTL Lëtzebuerg
Fotoe vun enger Fra, déi zu Lëtzebuerg schafft, goufe wuel fir eng Pro-Trump-Campagne mëssbraucht.
© Shutterstock

Wéi CNN mellt wier d’Debbie eng Fra, déi zu Tréier wunnen an hei am Grand-Duché schaffe géif. Donieft géif si modelen an an deem Kader och Fotoe vu sech op de soziale Medie publizéieren. Ma dës Fotoe goufen elo wuel geklaut, fir mat hinnen e Fake-Profil op der Plattform X unzeleeën. Esou wier aus dem Debbie d’Luna ginn, eng Fra aus dem Wisconsin, déi sech als Ënnerstëtzerin vum Donald Trump bezeechent an online fir dëse Walkampf mécht. Ënner anerem freet si hir Follower, ob dës och, ewéi si der Meenung wieren, dass den Donald Trump fir ëmmer sollt President vun den USA sinn.

Dat ouni d’Wësse vun der richteger Fra. Debbie huet sech an engem Interview mat CNN schockéiert gewisen, dass hir Presenz op de soziale Medien, fir politesch Propaganda-Zwecker mëssbraucht gouf.

Ma D’Debbie schéngt net déi eenzeg Fra ze sinn, déi Affer vun dëser Campagne gouf. Eng Recherche, déi CNN zesumme mam “Centre for Information Resilience” (CIR) duerchgefouert huet, hätt erginn, dass d’Online-Presenze vun am Ganze 17 Fraen an Europa fir Pro-Trump-Propaganda mëssbraucht gi wieren.

Dës 17 Accounts gehéieren zu den am Ganze 56 Konten op X, déi CNN an de CIR als Deel vun enger Online-Campagne fir den Donald Trump identifizéiert hunn. D’Konten notzen alleguer Biller vu jonke Fraen. Verschiddener vun de Biller si mat Kënschtlecher Intelligenz generéiert, ma déi meescht schénge vu richtege Konte geklaut ze sinn. Alleguer posten änlech Messagen an notzen déi nämmlecht Hashtags. Weider wier opfälleg, dass et bei alleguer de Konte géif Feeler am Englesche ginn. Dat kéint Experten no en Zeechen dofir sinn, dass auslännesch Acteuren um Wierk wieren. Et géif iwwerdeems keng Unzeechen dofir ginn, dass déi offiziell Campagne vum Donald Trump un dëser Aktioun bedeelegt wier.

D’Plattform X hätt sech op Nofro vu CNN net géigeniwwer der Noriichteschâine geäussert, hätt awer de Groussdeel vun de falsche Konten offline geholl.

Back to Top
CIM LOGO