Fréieren éisträichesche FinanzministerFPÖ-Politiker Karl-Heinz Grasser muss fir véier Joer an de Prisong

RTL Lëtzebuerg
D'Prisongsstrof am Korruptiounsprozess géint de fréiere Finanzminister Karl-Heinz Grasser ass hallwéiert ginn.
© APA/AFP/HANS KLAUS TECHT

De fréieren éisträichesche Finanzminister Karl-Heinz Grasser muss fir véier Joer an de Prisong. Dat huet den Ieweschte Geriichtshaff an Éisträich en Dënschdeg decidéiert. 2020 war de Grasser ënnert anerem wéinst Korruptiounsvirwërf an der sougenannter Buwog-Affär zu 8 Joer Prisong verurteelt ginn.

Am Appellsprozess huet d’Geriicht den FPÖ-Politiker fir schëlleg gesprach, seng Strof gouf awer em d’Hallschent reduzéiert. Et bleift awer déi héchst Strof, déi bis elo géint een éisträichesche Spëtzepolitiker verhaange gouf.

De Karl-Heinz Grasser hat 2004 als amtéierende Finanzminister de Verkaf vu 60.000 Wunnenge vum Bund decidéiert. De Verkaf un ee Konsortium ass den Ermëttlungen no duerch den Transfert vun Insider-Wëssen zustane komm. Dem Geriicht no sollen de Grasser, de fréieren FPÖ-Generalsekretär Walter Meischberger an zwee weider Ugekloten als Géigeleeschtung eng Zomm vun insgesamt 9,6 Milliounen Euro krut hunn.

De Geriichtshaff huet elo gréisstendeels d’Urteel aus der éischter Instanz vun Enn 2020 confirméiert. Et wiere “schwéier Strofdote mat schwéiere Folgen” gewiescht, déi ee Schued vu bal 10 Milliounen Euro mat sech bruecht hätten.

D’Riichter hunn d’Verkierzung vun der Prisongsstrof mat der “exorbitant laanger Durée” vum Prozess, dee ronn 15 Joer gedauert huet, begrënnt. Dat wier “onverhältnesméisseg laang” a wier eng Verletzung vun de Grondrechter.

Back to Top
CIM LOGO